Granulom

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

E Granulom, vum laténgesche granum (Kär), ass eng knuetaarteg Tissuneibildung, déi duerch eng Entzündung entstanen ass. Si besteet aus Epitheloidzellen, mononuklearen Zellen oder aus Risenzellen. D'Granulom entsteet meeschtens als Reaktioun op chronesch, allergesch oder infektiéis Prozesser, déi am mënschleche Kierper oflafen.

Granulom un der Hand, verursaacht duerch de Mycobacterium marinum

An der Zännmedezin gëtt Granulom gebraucht fir en Eetersäckelchen (d: beherderter Zahn), eng Usammlung vu Granulatiounstissu, meeschtens eng Reaktioun op Bakteerien, déi eng Entzündung provozéiert hunn.

Granulome kënnen an der Pathologie opgrond vun hirer Gréisst an hirem histologischen Opbau charakteriséiert ginn, a sou zu der Diagnos vun der Krankheet bäidroen déi d'Ursaach ass.
E puer Krankheeten, déi Granulomen ervirruffe kënnen:

Allergescht Granulom[änneren | Quelltext änneren]

Zellevermëttelt Iwweremfindlichkeetsreaktioun beim Typ IV vun der Allergie, Berylliose

Infektiéist Granulom[änneren | Quelltext änneren]

Rheumatescht Féiwer, Tuberkulos, Lepra, Syphillis, Leishmanios, Listerios, Mykose, Aktinomykos, Schistosomiasis.

Net-infektiéist Granulom[änneren | Quelltext änneren]

Sarkoidos, Lymphogranulomatos, Morbus Crohn, Zännfleeschepulis (e Schwier, deen op dem Zännfleesch sëtzt, meeschtens um Uewerkifer), Friemkierper (chirurgescht Bitzmaterial, anorganesch Substanzen)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]