Great Western Railway

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Transportation template.svg Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Emblem vun der GWR

De Great Western Railway (GWR) war eng Eisebunnsgesellschaft a -linn an England, déi 1833 gegrënnt gouf. Si ass entstanen ënner dem Impuls vun der Stad Bristol, déi en Uschloss u London gesicht huet, fir d'Positioun vun hirem Hafe géint d'Konkurrenz vu Liverpool ze stäerken.

Chefingenieur fir d'Eisebunnslinn ze baue war den Isembard Kingdom Brunel, deen am Alter vun nëmme 27 Joer opgedroe krut fir dëst fir déi deemoleg Zäit technescht Monsterwierk ze verwierklechen. Den Entworf a Bau vun de Lokomotive si vum Daniel Gooch ausgefouert ginn.

Den éischten Deel vun der Linn ass am Joer 1838 tëscht London Paddington an Teplow opgaangen. Déi voll Distanz vu London bis Bristol (bal 200 km) war vun 1841 u befuerbar. An de folgende Jore sinn eng grouss Zuel vu Säitelinnen opgaangen.

Am Ufank hat d'Linn eng Spurbreet vun 2140 mm. Bis 1892 gouf se dann op d'Normalspur von 1435 mm ëmgebaut.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Isambard Kingdom Brunel – Biller, Videoen oder Audiodateien