Greef

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
E Greef

E Greef ass eng Zort Gafel mat Zacken déi zimmlech no beinee stinn. E Greef gëtt benotzt fir lassent Material, wéi zum Beispill Blieder, Steng, Schlaken oder Kuelen a Kock opzehiewen an ze deplacéieren.

Inhaltsverzeechnes

Beschreiwung [änneren]

E Greef gesäit aus ewéi eng iwwerdimensional Forschett. Säi Still ass meeschtens aus Holz, mä an anere Kulturen kann en och aus anerem Material (zum Beispill Bambus) bestoen. D'Zacke ware fréier och aus Holz, hautdesdaags sinn se aus Eisen. Wann de Greef dofir benotzt gëtt fir Mëscht opzehiewen huet e véier bis fënnef Zacken a méi e kuerzen an décke Still, fir och méi schwéier Chargë kënnen ze hiewen.

De Greef als Waff [änneren]

De Greef ass heiansdo vun aarme Leit als Waff benotzt ginn, wa si sech keng méi deier Waffe konnte leeschten. Dat war ënner anerem 1798 am Klëppelkrich de Fall.

Attribut vum Däiwel [änneren]

Den Däiwel mam Greef op engem Exlibris.

Den Däiwel gëtt net nëmme gäre mat Haren a gespléckte Féiss duergestallt, mä och mat engem Greef deen hie benotzt fir déi aarme Sënner ze pisaken.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Greefer – Biller, Videoen oder Audiodateien