Green Bank-Observatoire
| Green Bank Teleskop | |
| Bedreiwer | NRAO |
| Standplaz | Green Bank, West Virginia, USA |
| Am Gebrauch zënter | 22. August 2000 |
| Spektralberäich | Radio |
| Websäit | http://www.gb.nrao.edu/GBT/ |
| Eegeschaften | |
| Bauform | sphäresche Reflekter |
| Duerchmiesser | 100–110 m |
| Reflekterfläch | ~ 7.854 m² |
De Green-Bank-Observatoire steet um Areal vun der Uertschaft Green Bank am US-Bundesstaat West Virginia.
Et ass d'Standplaz vum Robert C. Byrd Green Bank Telescope (GBT), ee vun de gréisste Radioteleskope vun der Welt, dat vum National Radio Astronomy Observatory mat Haaptsëtz zu Charlottesville Virginia bedriwwe gëtt. Mam Asaz vun dësem Radioteleskop gouf dee 29 Joer alen däitsche Radioteleskop Effelsberg vun der Spëtzt verdriwwen, wat bis dohin dat gréisst vollbeweglecht Radioteleskop vun der Welt war.
Am November 1961 war am Green-Bank-Observatoire déi éischt SETI - Konferenz vu Wëssenschaftler aus verschiddene Beräicher. [1] [2]Do gouf iwwer méiglecht Liewen am Weltraum an d'Sich dono, diskutéiert. D'Resultat vum Treffen ass déi sog. Drake-Equatioun.
Niewent dem Green Bank Teleskop gëtt et um Terrain vum Observatoire nach al Radioteleskopen, déi zum Deel nach fir wëssenschaftlech Projeten oder fir Ausbildungszwecker gebraucht ginn. Ausserdeem gëtt et en neie Besuchszentrum mat Ausstellungen zum Thema Radioastronomie an iwwer d'Geschicht vun der Standplaz Green Bank.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Green Bank Telescope – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ Sebastian von Hoerner: Sind wir allein? - SETI und das Leben im All. Beck, München 2003, ISBN 3-406-49431-5, S.151-152
- ↑ Green Bank conference (1961) daviddarling.info (abgerufen 24. Januar 2010)
38.433127777778-79.839838888889Koordinaten: 38° 25′ 59″ N, 79° 50′ 23″ W