Gregor Spedener

Vu Wikipedia
Gregor Spedener
Gebuer 1. November 1863
Gestuerwen 29. August 1943
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Gregor Spedener, gebuer den 1. November 1863 zu Esch-Sauer, gestuerwen den 29. August 1943 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Postbeamten an Auteur.[1]

De Gregor Spedener ass als jonke Borscht an den Déngscht vun der Post agetrueden an huet seng Carrière do als Perzepter an der Stad ofgeschloss.

De Gregor Spedener war mat der Catherine Weitz bestuet. Si ass de 5. Mee 1944 am Alter vun 71 Joer gestuerwen.[2]

De Spedener huet sech mat Stenographie beschäftegt a sech fir hir Verbreedung agesat. Hien huet sech awer och fir Folklore, Geschicht an eng Hëllewull aner Theemen intresséiert an doriwwer publizéiert. Hie war “membre correspondant“ vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Spedener, Gregor, 1886. Die Bauern-Hochzeit in früheren Zeiten: Charakterbild des Luxemburger Landvolkes. Luxemburg, Peter Brück, 35 S.
  • Spedener, Gregor, 1886. Bilder aus der Volksgeschichte von Esch a. d. Sauer. In: Echternacher Anzeiger 1886, No 22 (18. März): 1, No 24 (25. März): 1, No 25 (28. März): 2, 26 (1. Apr.): 1, No 27 (4. Apr.): 2, No 28 (8. Apr.): 1, No 29 (11. Apr.): 1, No 30 (15. Apr.): 1, No 31 (18. Apr.): 1, No 32 (22. Apr.): 1.
  • Spedener, Gregor, 1889. Die durch Stellung und Wissenschaft in Belgien seit 1830 sich auszeichnenden Luxemburger. In: Das Vaterland, 1889, Nr. 5-11, 13.
  • Spedener, Gregor, 1932. Ephemeriden der Luxemburger Landes- und Lokalgeschichte. Diekirch, E. Schumacher & Cie, 165 S. (Sonderdruck der "Nationalzeitung und Landwirt").
  • Spedener, Gregor, 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, 106 S.
  • Spedener, Gregor, 1939. Süra - Esch: Notizen von Gregor Spedener. Luxemburg, Th. Schroell, 78 S. (Separatdruck aus der “Luxemburger Zeitung”, Juli 1939).

Eng ausféierlech Lëscht vum Spedener senge Publikatioune fënnt een am Reprint vun 1981 vum Martin Blum senger Bibliographie.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 1943, Nr. 252 (9. September), S. 3 (Sterbefall)
  2. Luxemburger Wort 1944, Nr. 131 (10. Mai), S. 4 (Doudesannonce)
  3. Blum, Martin, 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 485-490.