Gregory-Teleskop

Vu Wikipedia
E Gregory-Teleskop
Stralegank vum Gregory-Teleskop

D'Gregory-Teleskop, ass e Spigelteleskop, dat vum James Gregory 1670 geplangt gouf a fir d'éischt vum Robert Hooke am Joer 1674 gebaut gouf[1].

Am Géigesaz zum Cassegrain-Teleskop gëtt e konkave Sekundärspigel op der anerer Säit vum Primärfokus gebraucht, deen d'Bild duerch eng zentral Ëffnung am Primärspigel an de Sekundärfokus wërft.

D'Konstruktioun gouf wéinst der méi liichter Hierstellung vu konkave Sekundärspigele bis an d'19. Joerhonnert gebraucht, stoung awer am Schiet vun der Konstruktioun vum Cassegrain déi méi Erfolleg hat well se méi kuerz war. Well de Gregory-Teleskop e Bild liwwert dat net op der Kopp steet, ginn nach haut kleng Spektiven an där Bauform hiergestallt, fir d'Ëmkéierprismen ze spueren. E vum Gregory-Teleskop ofgeleeten Opbau, mat zousätzleche Spigele fir de Stralegank zousätzlech nach eng Kéier ze falen, gëtt a verschiddenen Teleskope fir Sonnenobservatioun am Opteschen a fir Millimeterwellen a Submillimeterwelle gebraucht, zum Beispill beim Viper-Teleskop[2] an der Antarktis oder dem Green-Bank-Observatoire. Modern optesch Instrumenter vun dëser Bauart sinn déi béid 6,5 m Magellan-Teleskopen an den 1,5 m GREGOR-Teleskop op Teneriffa. E Grond fir d'Wiele vun der Gregory-Bauform ass d'Méiglechkeet, ouni Ausbau vum Sekundärspigel op de Primärfokus zougräifen ze kënnen. E Beispill dofir ass d'Radioteleskop Effelsberg.

En Nodeel géintiwwer engem vergläichbare Cassegrain-Teleskop ass de méi grousse Sekundärspigel an déi doduerch vergréissert Obstruktioun.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Thomas Birch, History of the Royal Society, 1756–57, Vol. 3, S. 122
  2. VIPER-Radiotelescope (engl.)