Grenzgréisst

Vu Wikipedia

D'Grenzgréisst ass e Begrëff aus der Astronomie a beschreift d'Duerchsiichtegkeet vun der Atmosphär.

Si bezeechent déi visuell Hellegkeet vun de Stären, respektiv vun aneren astronomeschen Objeten, déi um Nuetshimmel nach just gesi kënne ginn.

Grenzgréisst mat bloussem A[änneren | Quelltext änneren]

mat bloussem A - also ouni optesch oder technesch Hëllefsmëttel - gëtt d'Grenzgréisst vum natierlechen, stärekloeren Himmel bestëmmt. Si hänkt virun allem vun der Wieder- a Klimakonditione vun der Plaz of, vu senger Liichtverschmotzung a vum Observateur sengem A. Weider Aflëss sinn och Moundliicht, Schummerechts-Liicht an net genuch Adaptatioun vum A un d'Donkelheet, déi ongeféier 30 Minutte dauert.

Iwwer Land, baussenzeg vun de Stied, ass d'Grenzgréisst an Europa:

  • an der Moyenne 5 bis 6 mag - d. h. Stäre vun der 5. bis zur 6. Gréisst sinn nach just ze gesinn, wat ongeféier 500 bis 2.000 Stäre bedeit
  • a besonnesch klore Wüsten- oder Biergregioune 6 bis 7 mag
  • mat schaarfen Aen 0,5 mag weider, also bis maximal 7,5 mag.

D'Stroossebeliichtung kann d'Grenzgréisst ëm bis zu 3 mag erofdrécken, d'Loftverschmotzung (Donstklack) nach zousätzlech. Um Stadrand a romderëm ass d'Grenzgréisst ongeféier 3-4, kann awer an helle Groussstied op 1 eroffalen, d. h. et sinn nëmmen déi hellst 5 bis 10 Stäre vun der 1. Gréisst ze gesinn.

Grenzgréisst um Teleskop[änneren | Quelltext änneren]

Wann een eng Spektiv oder en astronomescht Teleskop benotzt, verréckelt sech d'Grenzgréisst zu méi schwaache Stären,an zwar theoreetesch am Verhältnes vun der Pupillegréisst zu der Apertur (fräi Ëffnung) vum Teleskop, virausgesat, d'Austrëttspupill ass net méi grouss wéi d'Pupill vum A. E Liichtverloscht an der Optik - dee meeschtens 20-30 Prozent ass, muss och nach ofgerechent ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie