Griicheland

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Ελληνική Δημοκρατία
Ellinikí Dimokratía

Griichesche Fändel

Griichesche Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Ελευθερία ή θάνατος
(Eleftheria i thanatos)
("Fräiheet oder Doud")
EU location GRE.png
Offiziell Sprooch: Griichesch
Haaptstad: Athen
Staatsform: Parlamentaresch Republik
 • President: Karolos Papoulias
 • Premierminister: Antonis Samaras
Fläch: 131 957 [1] km²
 • Dovu Waasser: 0,86 %
Bevëlkerung: 10 964 020 [2]
 • Bevëlkerungsdicht: 80,5/km²
Onofhängegkeet: vum Osmanesche Räich
1821 (deklaréiert)
1830 (unerkannt)
Nationalfeierdag: 28. Oktober
Nationalhymn: Imnos pros tin Eleftherian
(Lauschteren)
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .gr
Internationalen
Telefonsprefix
:
+30
Gr-map-DE.png

Griicheland läit am Südoste vun Europa. U Griicheland grenzt Bulgarien, d'Republik Mazedonien / (FYROM), Albanien an d'Tierkei. Donieft läit Griicheland tëscht dräi Mierer, dem Ionesche Mier an dem Mëttelmier am Westen an der Ägäis am Osten. Griicheland gëtt vu villen als Wéi vun der westlecher Zivilisatioun ugesinn an huet eng laang a räich Geschicht opweises.

D'Hellenesch Republik (gr.: Elliniki Dimokratia) gëtt vun de Griiche selwer Hellas genannt. Den Numm Griicheland, respektiv Grèce/Greece kënnt vum laténgesche Graecia, wat ursprénglech eng Regioun an Nordgriicheland war.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Un den Ufere vun der Ägäis ass eng vun den éischten europäeschen Zivilisatiounen entstanen, nämlech déi vun de Minoer an d'mykenesch Zivilisatioun. No hirem Ënnergank koumen däischter Joerhonnerten, eng Zäit iwwer déi mer nëmme ganz wéineg wëssen, éier et ëm 800 v. Chr. nees biergop geet. Et ass d'Zäit vun de griicheschen Stadstaaten, der polis. Kolonien gi ronderëm d'Mëttelmier gegrënnt, an si verdeedege sech couragéiert géint d'Perser. Nom Peloponnesesche Krich gëtt Griicheland vum Philipp II. vu Mazedonien, respektiv vu sengem Jong dem Alexander de Groussen eruewert a mir sinn am hellenistesche Griicheland.

Op militäreschem Plang hat Griicheland allerdéngs wéineg opweises a vun 168 v. Chr. un ginn d'Griiche vun de Réimer eruewert. Allerdengs ass et mat der Kultur genee ëmgedréint gelaf, do huet nämlech déi griichesch d'Réimer eruewert. Als Provënz vum Réimesche Räich hat Griicheland weiderhin e staarken Afloss op kulturellem Plang, an nom Fall vum westréimesche Räich huet Griicheland d'ëstlecht oder Byzantinescht Räich mat Konstantinopel weiderhin dominéiert. Nom Fall vu Konstantinopel den 29. Mee 1453, gëtt Griicheland lues awer sécher vum Ottomanesche Räich ageholl.

D'Ottomane bleiwen a Griicheland bis an d'19. Joerhonnert. 1821 rebelléieren d'Griichen an erklären hir Onofhängegkeet déi se 1829 akkordéiert kréien. Während dem 19. Joerhonnert huet Griicheland sech duerch eng Rei vu Kricher ëmmer méi vergréissert a seng haiteg Form huet d'Land zanter 1947.

Nom Zweete Weltkrich gouf et a Griicheland e Biirgerkrich dee bis 1949 ugehalen huet. 1967 gouf no engem Coup d'état de Régime des Colonels agefouert, deen 1973 d'Monarchie ofgeschaf huet. 1975 gëtt no engem Plebiscite eng demokratesch Republik gegrënnt. 1981 trëtt Griicheland der EU bäi an hëlt 2001 den Euro un.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Griicheland besteet aus engem groussen Deel Festland um südlechen Enn vum Balkan, der Hallefinsel Peloponnes an enger ronn 3000 Inselen, wouvun der 167 bewunnt sinn. Zu de gréissten Inselen zielen:

Aner vun Touriste vill besicht Inselen an Uertschaften:

Ronn 80 % vu Griicheland bestinn aus Hiwwelen a Bierger, an nëmmen op 28 % vum ganze Land ka gebaut ginn. De Pindus, déi zentral Biergerketten, ass an der Moyenne 2.650 m héich. De legendären Olymp ass mat sengen 2.917 m den héchste Punkt vum ganze Land.

Wat d'Wieder ubelaangt, sou kréien d'Griiche meeschtens mëll an naass Wanteren a waarm an dréche Summeren. Extrem Temperature si seelen, mä et kënnt emol vir, datt et zu Athen am Wanter schneit.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

(nach ze maan)

Lokal Administratioun[änneren | Quelltext änneren]

Griicheland ass an 13 Verwaltungsbezierker (περιφέρειες/peripheries) ënnerdeelt, déi an 51 Prefecturen (νομοί/nomoi) nach ënnerdeelt sinn.

Liest heizou den Artikel Griichesch Verwaltungsbezierker a Prefecturen.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Santorin

(nach ze maan)

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Vollekszielung vun 2001 goufen am Ganze 10.964.020 Griiche gezielt. Vun dëse liewen der 58,8 % a Stied, 28,4 % um Land. D'Awunnerzuel vun den zwou gréisste griichesche Stied, Athen an Thessaloniki, louch bei bal 4 Milliounen.

A Griicheland liewen hautdesdaags och eng ganz Partie Immigranten. Ronn 65 % kommen aus Albanien, mä et wanderen och Bulgaren, Rumänen, Pakistaner, Polen oder Georgier an. Allerdéngs si vun dëse keng reell Zuele bekannt, well eng grouss Partie illegal agewandert ass.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

D'griichesch Konstitutioun garantéiert eng absolut Reliounsfräiheet. D'Majoritéit vun de Griichen (98 %) sinn orthodox. Griichesch Mosleme gëtt et der kanpps 1,3 %, a si wunne gréisstendeels an Thrakien. Donieft gëtt et nach eng ronn 50.000 Katholiken, 30.000 Protestanten a 5000 Judden.

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Vereent Natiounen 2004
  2. Offiziellen Zensus vun 2001 Source: www.statistics.gr

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Griicheland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]