Grimoald de Jonken

Vu Wikipedia

De Grimoald (oder Grimaud) II.; och de Jonken; lat. Grimoaldus, gebuer ëm 680 an erschloen am Abrëll 714 an der Kierch St. Lambert zu Léck, war e Jong vum Pippin de Mëttelsten an der Plektrudis an en Urenkel vum Arnulf vu Metz, an en Hallefbrudder vum Karl Martell.

Hie war Hausmeier vun Neustrien (zirka 697 - Abrëll 714) an Dux (Herzog) vun der Bourgogne an/oder vun der Champagne (708 - Abrëll 714). Hie war mat der Theudesinda, der Duechter vum Friesefürst Radbod, bestuet an hat e Jong, den Theudoald († wuel 741), deem seng Mamm onbekannt ass, an dee 714/715 och Hausmeier war.

De Grimoald gouf vun engem gewësse Rangar erschloen, engem Handlanger vum Herzog vu Friesland, wéi e beim Graf vum Helege Lambert gebiet huet. Hien ass zu Léck begruewen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schieffer, Rudolf: Die Karolinger, W. Kohlhammer Druckerei GmbH + Co. Stuttgart, 2000, S. 19-23,26 und 58

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]