Grindelwald
| Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Grindelwald ass eng Uertschaft am Berner Oberland an der Schwäiz. Si läit um Fouss vum Eiger an ass bekannt duerch hir Wantersport-Méiglechkeeten.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie[änneren]
Grindelwald läit wäit verstreet an engem Dallkessel, deem vun der Schwarzen Lütschine tëschent Eiger, Wetterhorn, Fiescherwand a Faulhorn. Seng Gletscher, den Ënneschten - an den Ieweschte Grindelwaldgletscher, déi vun eppes 1590 - 1880 bis virun d'Duerf erukoumen an déi der Uertschaft den Numm Gletscherduerf ginn hunn, gi gäre besicht.
D'Uertschaft lieft besonnesch vum Tourismus. Am Wanter vun de Schifuerer, am Summer vun den Touristen, déi wanderen a spadséiere ginn, an d'Méiglechkeet hunn, fir déi schéi Landschafte mat den dräi Monsterbierger: Eiger, Mönch a Jungfrau ze gesinn. De Friemeverkéier huet eng laang Traditioun. Schonns fréi ass versicht ginn, de Gäscht d'Bierger méi no ze bréngen. Am Zesummenhank mam Wetterhorn, ee vun de Symbole vu Grindelwald, sollt drun erënnert ginn, datt do ganz fréi e Lift gebaut gouf. An déi Einheimesch sinn houfreg, fir drun z'erënneren, datt de Wetterhorn-"Lift" déi eelste Seelbunn vun der Welt war.
Kuckeswäertes[änneren]
- Mat der Gondelbunn op de Männlichen
- Mam Sessellift op de First
- Mat der Biergbunn op d'Kleine Scheidegg
- Mat dem Bus op d'Grosse Scheidegg
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
- Fotoen vum Eiger
- Schwäizer Schigebidder
- Offiziell Säit vu Grindelwald
- Offiziell Säit vu Wengen a Mürren
- Offiziell Säit vun der Wengernalpbahn
- Offiziell Säit vun der Jungfraubahn
Beatenberg | Bönigen | Brienz | Brienzwiler | Därligen | Grindelwald | Gsteigwiler | Gündlischwand | Habkern | Hofstetten bei Brienz | Interlaken | Iseltwald | Lauterbrunnen | Leissigen | Lütschental | Matten bei Interlaken | Niederried bei Interlaken | Oberried am Brienzersee | Ringgenberg | Saxeten | Schwanden bei Brienz | Unterseen | Wilderswil
| Commons: Grindelwald – Biller, Videoen oder Audiodateien |