Grock

Vu Wikipedia
Grock
Gebuer 10. Januar 1880
Loveresse
Gestuerwen 14. Juli 1959
Imperia
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Komponist, Zirkusartist, Pianist, Sänger, Violonist, Akkordeonist, Clown

De Grock, gebuer als Charles Adrien Wettach den 10. Januar 1880 am Moulin de Loveresse an der Géigend vu Biel (Schwäiz) a gestuerwen de 14. Juli 1959 a senger Villa zu Imperia (Italien), war ee vun deene berüümtste Museksclownen.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Eng aarm Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass dat éischt Kand vum Jean-Adolphe Wettach an der Cécile Péquegnat, wat déi puer éischt Wochen iwwerlieft. Säi Papp huet zu Reconvillier als Auermécher geschafft. Seng Famill hält et net laang op der selwechter Plaz aus. Sou plënnere si fir d'éischt op Laneuveville, op Le Landeron, dann op Le Locle, wou de Papp e Bistro iwwerhëlt. Mä dat ass och net fir laang. De Papp geet zwee Joer bei Brandt & Cie (déi spéider Omega) schaffen an da keeft en e Restaurant an der Géigend vum Bielerséi, de Paradiesli. De jonken Adrien, dee kuerz virdrun den Optrëtt vun engem Wanderzirkus mat groussen Ae materlieft hat, trëtt am Paradiesli mat senger Schwëster op.

  • Das Programm begann mit einem Flaschenspiel: Holzlöffel gegen Weinflaschen, die je nach Tonhöhe mit mehr oder weniger Wasser gefüllt sind; so spielte ich den Bernermarsch und die Marseillaise. Dann zeigte ich den Zuschauern die Elemente der edlen Schlagenmenschenkunst und schlug die Brücke. Ein Violinstück, akrobatisch "untermalt" von meiner Schwester meisterlich auf dem Klavier begleitet, machte den Beschluß. Frenetischer Beifall. (Ich lebe gern! S. 54)

Hie spillt de Clown, den Héichseelakrobat a schonn de Musekclown. No der Faillite plënnert d'Famill nees weider. Den Adrien fänkt eng Léier un als Auermécher, mä domat ass et no e puer Wochen eriwwer. 1897 fiert en an Ungarn. Zwee Joer gëtt hien engem Adlege sengem Jong Franséischunterecht an da geet et op Budapest, wou en an engem Musekinstrumentebuttek léiert Pianoen ze stëmmen an ze flécken.

De Grock[änneren | Quelltext änneren]

Op enger Tournee an Däitschland liest en eng Annonce, en Zirkus géif e jonke Mënsch sichen, "dee Gei spillen a sprange ka fir eng musikalesch Clowns-Nummer". Hie mellt sech a gëtt ugeholl. No villem Hin an Hier fënnt hien e Clownpartner; de Brick, dee virdru mat dem spuenesche Clown Brock opgetruede war. De Wettach wollt sech awer net Brock nennen an huet no enger Alternativ gesicht. Sou kënnt et zum Numm Grock.

1906 léiert de Grock zu Buenos Aires e berüümte Kolleeg kennen, den Antonet. Si trieden op deene verschiddenste Plazen op a ginn erëm auserneen.

1909 verléift de Grock sech zu Paräis an déi jonk Artistin Luoise Bullot, mat där hie sech 1913 bestit. 1918 stierft si. Tourneeën uechter déi ganz Welt bréngen dem Grock ganz vill Geld an. Hie keeft sengen Elteren en Haus zu Paräis.

De Grock am Nazidäitschland[änneren | Quelltext änneren]

Den eegenen Zirkus[änneren | Quelltext änneren]

Den Äddi vun der Bün[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Bicher vum Grock[änneren | Quelltext änneren]

  • Grock, Ich lebe gern 1930, Knorr & Hirth GmbH, München (beaarbecht vum Eduard Behrens)
  • Grock, Sans blague! Ma carrière de clown 1948, Flammarion, Paräis (d'Original)
  • Grock, Ein Leben als Clown - Meine Erinnerungen, 1953, Verlag Circus Grock (Iwwersat a beaarbecht vun Alfred Schatz an Herbert Walz)

Bicher iwwer de Grock[änneren | Quelltext änneren]

  • Max van Embden, Im Schatten eines Clowns, 1978, Henschel-Verlag, Berlin: Vergriffen
  • Raymond Naef, Grock - Eine Wiederentdeckung des lowns, 2002, Bentell-Verlag, Bern
  • Oliver M. Meyer «Grock - Seltsamer als die Wahrheit» mit DVD 2006 ArtsEdition, Zürich, (ISBN 978-3-9522638-1-5)

Bicher zum Theema Clownen[änneren | Quelltext änneren]

Tristan Rémy, Les clowns, 1945, Edition Bernard Grasset, Paräis (e Klassiker) Tristan Rémy, Les clowns, 2002, Grasset, Paräis (en Nodrock vum viregen)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grock – Biller, Videoen oder Audiodateien