Grondschoul (Lëtzebuerg)
Grondschoul (école fondamentale) ass den Numm vun engem Deel vum obligatoresche Schoulunterricht zu Lëtzebuerg. Si ass duerch e Gesetz vum 21. Januar 2009 agefouert ginn, a setzt sech zesummen aus der fréierer Virschoul ("Spillschoul") a Primärschoul.
D'Grondschoul ass obligatoresch fir d'Kanner vu 4 Joer un a setzt sech aus 4 Zyklen zesummen (amplaz, wéi fréier, aus Schouljoeren).
Deen 1. Zyklus ass fir Kanner vun 3-5 Joer, deen 2. fir déi vu 6-7 Joer, deen 3. fir déi vun 8-9 Joer an dee 4. fir déi vun 10-11 Joer (Alter bei der Rentrée).
Fir vun engem Zyklus an deen nächsten ze kommen (bei deene Meeschten all 2 Joer), muss d'Kand déi néideg Kompetenzen (e sougenannte "Kompetenzsockel", dee genee definéert ass) noweisen.[1] Déi ginn am Laf vum Joer an um Schluss vun den Zyklen evaluéiert.
Dat neit Schoulgesetz huet och d'Organisatioun vum Léierpersonal an de Schoule reforméiert; d'Enseignante mussen an Equippen zesummeschaffen an d'Schoule gi vun engem Schoulcomité mat un der Spëtzt engem President dirigéiert.
D'Schouljoer 2009-2010 ass de System a Kraaft getrueden.
[änneren] Referenzen
[änneren] Um Spaweck
- "La nouvelle École fondamentale" um Site vum Erzéiungsministère.
- Lois et règlements grands-ducaux concernant l'enseignement fundamental. Mémorial A N° 187, 3 septembre 2009 – D'gesetzlech Grondlagen.