Gronengesch

Vu Wikipedia
Kart vun den Dialekter

Gronengesch (op Gronengesch: Grönnegs) ass den Numm vun enger Grupp vu Frisesch-sächseschen Dialekter, déi an a ronderëm d'Provënz Groningen an Holland geschwat ginn. Am Norden an am Oste vun der Provënz Drenthe an am Oste vun der Provënz Friesland, am sougenannte Kollumerland gëtt och Gronengesch geschwat. Gronengesch an Ostfrisesch, op der anerer Säit vun der gronengesch-däitscher Grenz, kënnen als een eenzegen Dialekt gesi ginn.

Gronengesch ass entstane wéi d'Stad Groningen am 15. Joerhonnert méi Afloss an de Länner krut, déi ronderëm louchen. Déi Landdeeler, d'Ommelanden, ware Frisesch an d'Stad Groningen war Niddersächsesch. Wéi sech d'Stad Groningen am Joer 1594 mat den Ommelande vereenegt huet, gouf dat Frisescht vun den Ommelanden agetosch fir eng niddersächsesch Variant vun der Stad Groningen. De selwechte Prozess ass 200 Joer méi spéit an Ostfriesland geschitt. Déi frisesch Sprooch hat awer e puer Deeler, vokabulaire a grammatesch Eegenschaften am Gronengeschen an am Ostfrisesche behalen.

Dialekter[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt aacht Dialekter am Gronengeschen: