Gronn (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vue vum Verluerekascht aus

De Gronn ass e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Um Enn vum Fréimëttelalter hu sech um Ufer vun der Uelzecht Handwierker néiergelooss, déi d'Waasser vum Floss benotzt hunn, fir hire Beruff auszeüben. 1083 huet de Grof Konrad eng Abtei gestëft, d'Abtei Almënster. Zu där Zäit gouf et schonn zwou Kierchen am Uelzechtsdall ronderëm de Bockfiels: Sankt-Ulrich, bei der Mëndung vun der Péitruss, a Sankt-Matthäus am Norden, bei der Réimerbréck am Pafendall. D'Kierchtierm kéinte gläichzäiteg Waachtierm gewiescht sinn, fir den Zougang zum Dall an d'Brécken am A ze halen.[1]

Sou huet sech d'Ënnerstad gebilt, déi ugaangs nach ante portas louch, bis datt se am 14. Joerhonnert vun der drëtter Stadmauer, déi op de Wenzel II. zréckgeet an dofir och nach Wenzelsmauer genannt gëtt, protegéiert gouf.

Wéi d'Abtei Almënster am Joer 1543 zerstéiert gouf, sinn d'Benediktiner an de Gronn an den Hospice Saint Jean geplënnert an hunn do d'Abtei Neimënster gegrënnt, déi no engem Brand am Joer 1684 nees opgebaut gouf an nach haut besteet. Haut ass do de Kulturzentrum Neimënster.

De 26. Juni 1807 huet de Blëtz an de Polvertuerm um Verluerekascht ageschloen. Do waren 11.200 Kg Polver, 2.500 Kanounekugelen a Kartusche gelagert déi dee Moment explodéiert sinn. De Stadgronn gouf duerch d'Drockwell am uregste getraff: D'Haiser goufe schwéier beschiedegt a Beem goufen ëmgehäit. 32 Persoune koumen ëm d'Liewen an 120 goufen der schwéier blesséiert, dorënner vill Kanner. De Schued gouf op 1 Millioun Goldfrang geschat [2].

Well vun ugangs 19. Joerhonnert bis an d'1980er Joren hei de Prisong war, stoung den Ausdrock "am Gronn sinn" (oder "sëtzen") euphemistesch fir "am Prisong sinn".

Soss nach Kuckeswäert am Gronn ass den Nationalmusée fir Naturgeschicht (natur musée) am fréieren Hospice Saint Jean.

Vum Haff vun der Cité judiciaire um Helleg-Geescht-Plateau an der Uewerstad kënnt ee mat engem Lift, deen op Ureegung vum fréiere Staatsminister Pierre Werner gebaut gouf, erof an de Gronn.

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

2013 hunn am Gronn 830 Leit gewunnt. 33 % vun den Awunner waren Lëtzebuerger a 67 % Auslänner.[3]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Pauly, 1987. Stadtgrund: Menschen und Steine in Gefahr. - Forum 98, S. 3-8. PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gronn (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Michel Pauly: "Von Weimerskirch nach Luxemburg: Die topographische Entwicklung der Stadt Luxemburg im Mittelalter." In: ons stad 99, 2012, S. 4-9. [Baséiert op: Michel Pauly: "Die tpographische Entwicklung der Stadt Luxemburg von den Anfängen bis zum Beginn des 16. Jahrhunderts", in: Leben im Mittelalter: Luxemburg, Metz und Trier. Studien zur mittelalterlichen Stadtgeschichte und -archäologie (Publ. scientifiques du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, t. II), Luxemburg 1998, S. 7-31, wou och weider Literaturreferenze sinn.]
  2. Schaus Raymond, Au Stadgrond autrefois, Die Warte Nr. 14/2292, Luxemburger Wort 29. Abrëll 2010
  3. Etat de la population 2011 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg (gekuckt den 18. Juni 2014)