Groombridge 1830
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Groombridge 1830 ass e Stär am Stärebild Ursa Major. Dëse Stär ass mam bloussem A net ze gesinn. Hie gouf vum Stephen Groombridge katalogiséiert a gehéiert zu der Klass vun de rouden Ënnerzwergen. Seng héich Eegebewegung gouf vum Friedrich Wilhelm August Argelander schonns am Joer 1842 beschriwwen. D'Distanz bis zu eiser Sonn läit bei knapps 30 Liichtjoer.