Groupe de Support Psychologique

Vu Wikipedia

De Groupe de Support Psychologique, kuerz GSP, ass e Grupp vu Fräiwëllege bei der Protection Civile. De Grupp ass nach relativ jonk a besteet momentan aus gutt 90 Memberen (Stand: Juli 2004).

D'Aufgab ass, graff gesinn, a Stresssituatioune séilesche Bäistand ze leeschten. An éischter Linn bedeit dat, datt Persounen, deenen eppes Schroes zougestouss ass, zum Beispill e Selbstmord an der Famill, en Accident, Bedreeung duerch aner Persounen a sou weider, ze hëllefen. Si iwwerdroen allerdéngs ni de Message vum Doud vun enger Persoun, dat ass d'Aufgab vun der Police, mä dacks sti si an zweeter Rei fir direkt ze hëllefen.

D'GSP Leit hëllefen net nëmmen anere Leit, mä och hiren eegenen. Sou kënnt et ëmmer erëm vir, datt de GSP och mat Ambulancieren oder Sauveteuren no schwéieren Asätz schwätzt, an op hir Problemer ageet. Och no traumateschen Erliefnesser fir Drëttpersoune wéi Éischt-Hëllefsleit spréngt de GSP an.

D'GSP-Leit si keng Psychologen, mä Secouriste mat enger unerkannter Ausbildung déi iwwer zwee Joer dauert. Um Terrain erkennt ee si un hire grénge Gilete mat der wäisser Opschrëft PSY. Fir Member vu GSP ze gi muss een op d'mannst 21 Joer al sinn.

Bekannt ass d'GSP duerch hir Hëllef besonnesch zu Waasserbëlleg bei der Geiselnam, bei der Betreiung vun deenen, déi beim Accident vum Luxair Fluch 9642 blesséiert goufen, oder Aenzeie waren, oder awer och bei deene Leit déi am Dezember 2004 aus deem bei Flutkatastrophe verwüsten Ostasien heemkoumen.

Et bleift nach z'ernimmen, datt d'Membere vum GSP un d'Beruffsgeheimnes gebonne sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]