Grouss-Hetteng

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hettange-Grande
Grouss-Hetteng
Hettangeblason.JPG
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Lorraine.svg Loutrengen
Departement Blason département fr Moselle.svg Moselle
Arrondissement Thionville-Est
Kanton Cattenom
Code Insee 57323
Postcode 57330
Koordinaten 49° 24' 24" N
06° 09' 14" O
Fläch  1 627 ha
Bevëlkerung  7 562 Aw.  (2007)
D'Kierch vu Grouss-Hetteng

Hettange-Grande (Grouss-Hetteng op Lëtzebuergesch) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen, eng 7 km vun der Diddelenger Grenz ewech.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographie

Hetteng läit beim Dräilännereck Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich.

Duerch Grouss-Hetteng féiert Departementsstrooss D653, fréier N53, déi do zu der Voie de la Liberté gehéiert.

D'Gare vu Grouss-Hetteng op der Eisebunnsstreck Metz-Zouftgen gouf bis 2000 net méi benotzt. Du gouf se dat Joer am Januar erëm aktivéiert, haaptsächlech fir den Persounentransport vun de Frontalieren déi op Lëtzebuerg schaffe ginn, op där Streck méi efficace ze maachen.

[änneren] Geologie

1864 huet de Schwäizer Geolog Eugène Renevier an der Carrière Gries um Terrain vun der Gemeng festgestallt, datt do déi éischt stratigraphesch Etage vum Lias géif leien, aus enger Epoch vu virun 199,6 bis 196,5 Millioune Joren. Zu dëser Schicht, déi den Numm Hettangien (de.: Hettangium) dréit, gehéiert och de Lëtzebuerger Sandsteen. D'Steekaule Gries sinn als geologesch Naturschutzgebitt klasséiert ("réserve naturelle géologique").

E baliséierte Wee an e klenge Musée sinn do fir d'Fossilien an d'Steng besser kennenzeléieren, an och souguer d'Blummen, d'Planzen an d'Déierewelt z'entdecken.

De Buedem enhält an der Géigend vun Hetteng och nach en anere Räichtum : d'Minette. D'Eiseminnen waren vun 1904 bis 1979 a Betrib an d'Aarbechter-Citéen hunn d'Landschaft nohalteg geprägt.

[änneren] Geschicht

D'Stad ass wéinst senger geologescher Bedeitung weltbekannt.

An der Ëmgéigend si verschidden Iwwerreschter vun der Maginot-Linn erhalen. De "petit ouvrage" Immerhof, deen eenzegen, deen een op deem Deel vun der Maginot-Linn nach besiche kann, ass mat sengen 300 Meter Galerien, senge 4 Blocken a sengen Tourellen, déi nach funktionnéieren, perfekt erhalen.

[änneren] Kuckeswäertes

Et si vill Spadséiergäng méiglech an enger Stad déi nach relativ vill gréng ass : zum Beispill an den 1000 ha Bëscher, déi méi wéi e Veirel vun der Gemeng ausmaachen, an zu deenen den Hettenger Staatsbësch gehéiert, oder an de verschiddene Quartiere vun der Stad wou ee Skulpture bewonnere kann.

Hetteng a Séitrech sinn loutrengesch Dierfer wou nach "Bildstocken" (Weekräizer) ze gesi sinn.


[änneren] Bevëlkerungsentwécklung

Joer 1962 1968 1975 1982 1990 1999 2007
Awunner 4502 5037 5621 5786 5734 6356 7562

[änneren] Fotoen

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Grouss-Hetteng – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen