Groussbus

Vu Wikipedia
Groussbus
Bus
Rëtsch vu klasséierten Haiser (IS) an der Mierscher Strooss
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Grosbous
de: Grosbous
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Groussbus
Buergermeeschter Paul Engel
Awunner 926[1]
  1. Januar 2018
Héicht 344 m
Koordinaten 49° 49’ 39’’ N
      05° 57’ 56’’ O

Groussbus (lokal: Bus[2]) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Réiden an den Haaptuert vun der Gemeng Groussbus-Wal.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Groussbus läit op enger Héicht vu 470 m.

Duerch d'Uertschaft leeft d'Waark, déi zu Gréiwels entspréngt.

Duerch Groussbus lafen d'Nationalstrooss 12 an d'N21.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bous oder Buhs ass dat keltescht Wuert fir Mëllechkummer.

1989 huet een zu Groussbus um Flouer Heidebierg e Won aus der Zäit vun 1000 v. Chr. fonnt. E beleet datt d'Kelten op dëser Plaz eng Siidlung haten an als Véiziichter gelieft hunn[3].

Am nämmlechte Streech fënnt een Zillen an Eeserech aus der Zäit vun de Réimer.

Am 11. Joerhonnert steet zu Groussbus eng Kierch. Vun 1089 un ass d'Duerf eng eege Par.

Iwwer d'Joerhonnerten huet d'Populatioun vum Duerf deels staark ënner Kricher a Krankheete gelidden.

Joer Zuel vun de Famillen
1473 23
1525 2
1635 24
1656 20

Tëscht 1640 a 1650 léisst de Peter Jolliot e Schlass bauen, dat 1966/67 ofgerappt gëtt.

Nodeems 1712 de Blëtz an déi al Kierch aschléit, gëtt 1719 déi haiteg Kierch gebaut. 1849 gëtt de Kierchtuerm nees vum Blëtz getraff an dat Joer drop, 1850, gëtt den neien Tuerm opgeriicht.

Virum 1. September 2023 huet Groussbus zu der Gemeng Groussbus gehéiert, där hire Chef-Lieu et war. Dës huet du mat der Gemeng Wal zu der Gemeng Groussbus-Wal fusionéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Groussbus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Chiffres démographiques de Grosbous Gearchiveerd op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2015-05-23.
  2. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  3. 150 Joër Réidener Kanton, S.152