Grousse Brombaachséi

Vu Wikipedia
Grousse Brombaachséi
Land Däitschland
Verwaltungseenheet Pleinfeld
Héicht. i. M. 407 m


De Grousse Brombaachséi ass e Stauséi a Bayern (Däitschland).

De Séi ass de Kär vum Fränkesche Séeiland an ass haaptsächlech do fir Waasserstänn ze regléieren an Zäite wou et net sou vill reent (Nordbayern huet net vill Nidderschlag), an awer och fir wann et richteg schëtt dem Héichwaasser aus de Féiss ze goen. En ass awer och eng Fräizäitplaz fir déi ganz Géigend.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Séi läit haaptsächlech am Landkrees Weißenburg-Gunzenhausen, (eng kleng Parti um nërdleche Séiuwänner gehéiert zum Landkreis Roth), a 37 km am Süde vun Nürnberg. E läit an engem groussen Dall, deen no Osten opgeet a ronderëm sinn iwwerall Bëscher.

Als Noperen huet en zwéi Séien déi méi héich leien, de Klenge Brombaachséi, an den Igelbaachséi. Dës zwéi si vun him duerch zwou Staumaueren (déi eng 18 m an déi aner 16 m héich) getrennt. Vun dësen dräi Séien ass hien deen eenzegen, op deem e Schëff fiert d'MS Brombachsee.

E kritt säi Waasser aus den zwéin ieweschte Séien an no ënne leeft e weider an de Brombach dee selwer bei Pleinfeld an d'Schwäbische Rezat leeft.

Et ass ee wichtegt Noerhuelungsgebitt fir de Ballungraum Nürnberg. Et kann een dra schwammen, an drop seegelen oder wandsurfen. Mat dem Trimaran MS Brombachsee kann een drop fueren.

Nopeschséien[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Talsperren in der Bundesrepublik Deutschland, Peter Franke, Wolfgang Frey, DNK - DVWK 1987, ISBN 3-926520-00-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brombachsee – Biller, Videoen oder Audiodateien