Groussen Attrakter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Groussen Attrakter ass e Filament an am Moment (2006) déi masseräichst bekannt Struktur am Universum. Et huet eng Mass an der Gréisstenuerdnung vun 10 Billiarde Sonnemassen (1016 M) an ass ongeféier 150 bis 250 Millioune Liichtjoer vun eiser Äerd ewech (ca. 1,4-2,4×1024 m). D'Schwéierkraaftzentrum läit am Norma-Galaxiëkoup – südlech vum Scorpius – dee schwéier ze gesinn ass, well hie vun der Mëllechstrooss verstoppt gëtt.

Déi gigantesch Gravitatiounsanomalie, déi op eisem lokale Galaxiësuperkoup (de Virgo-Superkoup), déi Grouss Mauer mat dem Coma-Koup an och den Hydra-Centaurus-Superkoup awierkt, gouf 1990 (no anere Quellen 1986) duerch Onregelméissegkeeten am Hubble-Floss entdeckt. Dat heescht, datt sech d'Galaxiëkéip an dësem Beräich vunenee manner séier distanzéieren, wéi dat bei enger homogener Expansioun vum Universum de Fall wier.

Well déi ugeholle Mass vum Norma-Superkoup an aner bekannte Strukturen alleng net duergi fir den Effekt z'erklären, gi weider, duerch d'Mëllechstrooss verdeckte Strukturen als Zousätz vum groussen Attrakter verdächtegt.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen