Groussherzog vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Lëtzebuerg ass zanter dem Wiener Kongress, 1815, e Groussherzogtum. Der Lëtzebuerger Konstitutioun no (cf. Art. 33) ass de Groussherzog vu Lëtzebuerg de Staatschef, Symbol vu senger Eenheet a Garant vun der nationaler Onofhängegkeet. Entspriechend der Konstitutioun übt hien zesumme mat der Regierung d'exekutiv Gewalt vun de Gesetzer vum Land aus.

Aktuelle Groussherzog vu Lëtzebuerg ass den Henri vu Lëtzebuerg.

D'groussherzoglech Residenz ass um Schlass Bierg zu Kolmer-Bierg.

Dem Groussherzog vu Lëtzebuerg seng Pouvoiren a Prerogativen[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Konstitutioun leet fest, wat dem Groussherzog seng Rechter a Flichte sinn.

Den Artikel 3 leet fest, datt d'Kroun am Haus Nassau viruverierft gëtt.[1] Am September 2010 huet de Groussherzog Henri d'Ierfrecht vum Haus Lëtzebuerg-Nassau am Familljepakt vun 1783 ännere gelooss; vun do u soll ëmmer dat éischtgebuerend Kand, egal op Jong oder Meedchen, den Troun ierwen.[2]

Nom Artikel 4 ass d'Persoun vum Grand-Duc "inviolable".[3]

De Groussherzog ass mat 18 Joer groussjäreg (d. h. kann eréischt dann Groussherzog ginn) a leet, wann en op den Troun klëmmt, virun der Chamber, en Eed op d'Verfassung of (Art. 5). E schwiert dobäi, dës an d'Gesetzer ze respektéieren, d'Land onofhängeg an zesummen ze halen an d'ëffentlech a privat Fräiheeten ze garantéieren.[4]. Sollt säin Nofolger bei sengem Doud nach mannerjäreg sinn, bestëmmt de Familljepakt d'Régence.[5] Dat kann z. B. d'Witfra vum verstuerwene Groussherzog sinn, wéi dat bei der Maria Ana, der Witfra vum Wëllem IV., de Fall war. Eng Régence ass och virgesinn wann de Groussherzog net am Stand ass, säin Amt auszeüben (Art. 7).[6] De Regent muss dann en Eed op de Groussherzog leeschten. (Art. 8).[7]

De Groussherzog ass Staatschef, Symbol vun der Eenheet an der Onofhängegkeet vum Land. Hien übt déi exekutiv Gewalt aus, geméiss der Verfassung an de Gesetzer vum Land (Art. 33).[8]

Kontrovers ëm den Artikel 34[änneren | Quelltext änneren]

Dem Artikel 34 no promulgéiert de Groussherzog d'Gesetzer. Bis Mäerz 2009 war et sou, datt en se "promulgéiert a sanctionnéiert", fir datt s'a Kraaft trieden, a seng Schlussfolgerung der Chamber bannet 3 Méint nom Vote matdeele géif (Art. 34).[9] Zu enger Ännerung ass et komm, well den 2. Dezember 2008 de Groussherzog Henri de Fraktiounscheffe vun den an der Chamber vertruedene Parteie matgedeelt hat, hien hätt net wëlles, e Gesetz iwwer d'Euthanasie, wann et vun der Chamber gestëmmt géif ginn, z'ënnerschreiwen. Hie kéint dat net mat sengem Gewëssen iwwerenee bréngen.[10] Anscheinend mat sengem Averständnes huet d'Chamber den 11. Dezember 2008 an éischter Lecture mat 56 Stëmme (vu 60) dofir an enger Enthalung enger Ännerung vun der Verfassung zougestëmmt. Den Artikel 34 ass sou geännert ginn, datt de Groussherzog d'Gesetzer just nach "promulgéiere" sollt (wat een als en administrativ-techneschen Akt bezeechne kéint), mä net méi "sanctionnéieren" (wat eng explizit Stellungnam bedeit).[11] Domat verzicht en deemno op d'Vetorecht, dat e bis dohin hat.

Dës Ännerung ass nom zweete Vote, den 12. Mäerz 2009 a Kraaft getrueden.[12] Eng Initiativ, e Referendum doriwwer an d'Liewen ze ruffen (wat als Alternativ zum zweete Vote an der Verfassung virgesinn ass), hat uganks 2009 net déi néideg 25.000 Ënnerschrëften zesummekritt.

Gläichzäiteg huet d'Chamber eng Motioun votéiert, d'Verfassung wëllen z'iwwerschaffen. Bei de viregte Verfassungsännerunge war nämlech sou gutt wéi näischt un de Pouvoire vum Grand-Duc geännert ginn, well vill Juristen der Meenung waren, datt déi "geliefte Verfassungspraxis", do, wou se vum wuertlwiertlechen Text ofwäiche géif, duergéing, fir dem haitege Verständnis vun der Verdeelung vun de Pouvoire gerecht ze ginn. Nodeem de Groussherzog Henri bei senger deklaréierter Ënnerschrëftsverweigerung däitlech gemaach huet, datt et duerchaus méiglech (well verfassungsméisseg erlaabt) wier, den Text à la lettre z'interpretéieren, soll elo den Text mat der "geliefter Praxis" an Aklang bruecht ginn. D'Amendementer sollten nach virun de Chamberwale vum 7. Juni 2009 virgeluecht an da vun der Chamber, déi aus deene Walen ervirgeet, ofgestëmmt ginn.

Dorënner wäerte besonnesch dës Verfassungsbestëmmunge falen:

De Grand-Duc kann d'Chamber opléisen (Art. 74), sou datt et spéitstens 3 Méint duerno Neiwale muss ginn. Hie mécht (selwer oder a Vertriedung) d'Chambersessiounen op an zou a kann, op Demande vun engem Drëttel vun den Deputéierten, eng Aussergewéinlech Sëtzung aberuffen (Art. 72).

Hie bestëmmt d'Organisatioun vun der Regierung (Art. 76), ernennt an entléisst Regierungsmemberen (Art. 77) a kann och Gemengeréit entloossen (Art. 107). Hie bestëmmt d'Exekutiv-Reglementer, wéi Gesetzer auszeféiere sinn (d'Règlement-Grand-ducalen; Art. 36).

De Grand-Duc ass de Chef vun der Arméi, hie rifft (no engem Vote an der Chamber) de Krich aus an erkläert en als eriwwer (Art. 37).

Zu deene weidere Rechter vum Groussherzog géhéieren:

  • d'Ernennung vu Beamten a Militär (Art. 35), Riichter a Magistraten (Art. 90, Art. 95bis);
  • Mënz ze klappen (Art. 39);
  • Adelstitelen (Art. 40) a Verdéngschtuerden (Art. 41) ze verginn;
  • der Chamber Gesetzesprojete virzeleeën (Art. 47);
  • vu Geriichter ausgeschwate Strofen ze begnodegen oder ze kierzen (Art. 38) - Geriichtsuerteeler ginn a sengem Numm ausgesprach an exekutéiert (Art. 49);
  • Traitée mat anerer Länner ze maachen. Dës trieden awer eréischt a Kraaft, wa se vun der Chamber duerch e Gesetz ratifizéert ginn (Art. 37).

D'Akommes vum Groussherzog vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Article 3 : La Couronne du Grand-Duché est héréditaire dans la famille de Nassau, conformément au pacte du30 juin 1783, à l'art. 71 du traité de Vienne du 9 juin 1815 et à l'art. 1er du traité de Londres du 11 mai 1867.
  2. http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2011/06/153544/thronfolge-neu-geregelt.php
  3. Article 4 : La personne du Grand-Duc est inviolable.
  4. Article 5 : Le Grand-Duc de Luxembourg est majeur à l'âge de dix-huit ans accomplis. Lorsqu'il accède au trône, il prête, aussitôt que possible, en présence de la Chambre des députés ou d'une députation nommée par elle, le serment suivant : «Je jure d'observer la Constitution et les lois du Grand-Duché de Luxembourg, de maintenir l'indépendance nationale et l'intégrité du territoire ainsi que les libertés publiques et individuelles.»
  5. Article 6 : Si à la mort du Grand-Duc, son successeur est mineur, la régence est exercée conformément au pacte de famille.
  6. Article 7 : Si le Grand-Duc se trouve dans l'impossibilité de régner, il est pourvu à la régence comme dans le cas de minorité. En cas de vacance du Trône, la Chambre pourvoit provisoirement à la régence. - Une nouvelle Chambre, convoquée en nombre double dans le délai de trente jours, pourvoit définitivement à la vacance.
  7. ›Article 8 : Lors de son entrée en fonction, le Régent prête le serment suivant : «Je jure fidélité au Grand-Duc. Je jure d'observer la Constitution et les lois du pays.»
  8. Article 33 : Le Grand-Duc est le chef de l'État, symbole de son unité et garant de l'indépendance nationale. Il exerce le pouvoir exécutif conformément à la Constitution et aux lois du pays.
  9. Article 34 : Le Grand-Duc sanctionne et promulgue les lois. Il fait connaître sa résolution dans les trois mois du vote de la Chambre.
  10. Deklaratioun vum Premier Juncker vum 2. Dezember 2008
  11. gouvernement.lu
  12. Loi du 12 mars 2009 portant révision de l’article 34 de la Constitution. Mémorial A N° 43 vum 12. Mäerz 2009, S. 586