Groussjäregkeet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Icon Hinweis Rechtsthemen.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mee ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

D'Groussjäregkeet oder Volljäregkeet (fr.: majorité civile) ass den Alter, wou eng Persoun, juristesch gesinn, a senger Kapazitéit als Bierger kapabel a responsabel ass, dat heescht, vu wéini u se (vun Ausnamen ofgesinn) kontraktuell (oder soss juristesch) Engagementer agoe kann.

Virun deem Alter gëllt een als "mannerjäreg". E Mannerjärege ka Saache besëtzen oder Verträg ënnerschreiwen, mä e kann net eleng iwwer dee Besëtz bestëmmen, resp. sech eleng vertraglech engagéieren.

Je nodeems sinn et de Familljepapp oder déi béid Elteren, déi Autoritéit iwwer dee Mannerjäregen hunn. Wa keng Elteren do sinn, kritt e Mannerjärgen e Momper zur Säit gestallt.

E Mannerjäregen ass zivilrechtlech "irresponsabel". Dëst Konzept ënnerscheet sech vun der "strofrechtler Irresponsablitéit".

Groussjäregkeet zu Lëtzebuerg [änneren]

Zu Lëtzebuerg läit d'Groussjäregkeet bei 18 Joer. Bis 1975 louch deen Alter bei 21 Joer. Den 18. Mee 1975 gouf en op 18 erofgesat, esou datt ronn 12.000 jonk Leit op ee Coup groussjäreg goufen.

Groussjäregkeet huet näischt direkt mam Walrecht ze dinn, dat zu de politesche Rechter zielt. Se ass och z'ënnerscheede vun der matrimonialer Groussjäregkeet (d.h. dem Alter, vun deem un ee sech bestuede kann) an der sexueller Groussjäregkeet, deen Alter, vun deem un et engem erlaabt ass, sexuell Bezéiungen ze hunn.

"Erwuessen" ass e biologesche Begrëff, deen ausdréckt, datt e Liwewiesen sech esouwäit entwéckelt huet, datt et sech fortplanze kann, an och net méi méi grouss gëtt.

Commons: Adults – Biller, Videoen oder Audiodateien