Grueffräs
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng schwéier Grueffräs T655 COMMANDER 3 vu Vermeer.
Eng Grueffräs (fr: trancheuse; en: trencher) ass eng Aarbechtsmaschin op Ketten, déi geduecht ass fir bei Buedemaarbechte schmuel Grief auszehiewen.
Well d'Aarbechtsbreet net grouss ass gëtt se besonnesch agesat fir Grief ze maache wa Kabele verluecht ginn, oder fir Drainageréier oder soss Leitungen ze veleeën. Wichteg ass beim Asaz vun esou Geschir datt op hirem Passage keng Leitunge queesch iwwer den Tracé féieren. De lassene Buedem oder Steng kënnen entweder laanscht d'Säit erausgeworf ginn, fir duerno beim Opfëlle vum Gruef erëm gebraucht ze ginn, oder iwwer en ugebaut Fërderband op e Camion geluede ginn, fir oftransportéiert ze ginn.
| Commons: Grueffräsen – Biller, Videoen oder Audiodateien |