Grus (Stärebild)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Stärebild Kruckert
Lëtzebuergeschen Numm Kruckert, Huergäns
Däitschen Numm Kranich
Laténgeschen Numm Grus
Lat. Genitiv Gruis
Lat. Ofkierzung Gru
Rektaszensioun 21h 27m bis 23h 27m
Deklinatioun -56° 23´ bis -36° 18´
Fläch 366 Quadratgrad
Siichtbar op Breedegraden 35° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ganz ze gesinn
Unzuel un Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
(a&nbsp ;Gruis) Al Nair,
1,74m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Piscis Austrinus

Microscopium
Indus
Tucana
Phoenix
Sculptor

Kaart vum Stärebild Krukert (Grus)

De Kruckert (laténgesch: Grus) ass e Stärebild um Südhimmel.

Inhaltsverzeechnes

Beschreiwung [änneren]

De Kruckert huet ongeféier d'Form vun engem ëmgekéierten Y. Zwéi vu senge Stären, den α  an den β Gruis, sinn opfalend hell an hunn en däitleche Faarfkontrast. Den α  Gruis liicht blozeg-wäiss, an de β Gruis liicht orange.

Am Hierscht ass vum Stärebild Kruckert an eiser Géigend héchstens den nërdlechen Deel mam Stär γ Gruis ze gesinn. Komplett gesäit een d’Stärebild eréischt südlech vum 35. Breedegrad.

Geschicht [änneren]

Fréier goufen d’Stären zum Stärebild Pisces Austrinus gezielt.

Enn vum 16. Joerhonnert hunn déi hollänesch Séifuerer an Entdecker Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman d'Stären als eegenstännegt Stärebild beschriwwen, Den Reygher („de Reier“)[1] oder Kranich. De Petrus Plancius an de Jodocus Hondius hun se 1598 resp. 1600 als Phoenicopterus („Phönix“) genannt. De Johannes Bayer huet d'Stärebild dann ënner der aktueller Bezeechnung a senger Stärekaart vu 1603 iwwerholl.

Himmelsobjeten [änneren]

Stären [änneren]

B F Nimm oder aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α Al Nair, Alnair 1,73m 101 B7 IV
β 2,07m 170 M5 III
γ Al Dhanab, Aldhanab 3,01m 203 B8 III
ε 3,49m 80 A2 V
ι 3,88m 150 K0 III
δ1 Gru 3,97m 150 G6 III
ζ 4,11m
δ2 4,12m 400 M4 III
θ 4,28m
λ 4,47m
μ1 4,79m
η 4,84m
ρ 4,84m
μ2 5,11m
ξ 5,29m
π 5,3m 200 F2 + C
κ 5,37m
ν 5,47m
ο 5,53m
φ 5,54m
υ 5,62m
τ3 5,72m
σ2 5,85m

Den α Gruis, den hellste Stär am Kruckert, ass 101 Liichtjoer vun eis ewech. Den Numm Al Nair huet en arabeschen Urspronk a bedeit „deen Hellen“.

Den γ Gruis ass 203 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et ass e Stär, dee blo liicht, mat der Spektralklass B8. Den arabeschen Numm Al Dhanab bedeit „Schwanz“.

Duebelstären [änneren]

Objet Gréissten Ofstand
π 5,6m/6,6m 261"

Déi ongeféier gläich hell Stären δ1  an δ2  Gruis gesi sech mat bloussem A, wéi een Duebelstäresystem un, well si nëmmen 16,1 Bouminutten ausernee stinn. Et handelt sech awer nëmmen ëm een „opteschen Duebelstär“, deem seng Stäre vun der Äerd ausgesinn an enger Richtung leien. A Wirklechkeet leien d'Stären 150 a 450 Liichtjoer vun eis ewech.

Ee „richtegt“ physescht Duebelstäresystem, deem seng Komponente sech ëm een eenzegen Schwéierpunkt dréien, ass den πGruis op enger Distanz vun 200 Lichtjoer. De System kann ee mat engem klengen Teleskop opléisen.

NGC-Objeten [änneren]

NGC divers Gréisst Typ Numm
7213 10,1m Galaxis
7410 10,3m Galaxis
7424 Galaxis
7525 Galaxis
7590 Galaxis
IC 1459 10,0m Galaxis

Am nordëstlechen Deel vum Kruckert sinn e puer Galaxien.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]

Commons: Grus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. Ian Ridpath: Startales. Kap 1