Guanabara

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Mieresbucht Guanabara a Brasilien. Fir de fréiere brasilianesche Bundesstaat, kuckt wgl. Guanabara (Bundesstaat).

Guanabara ass den indianeschen Numm (dee "Mieresaarm" bedeit) vun enger 380 km² grousser Mieresbucht a Brasilien, op där hirer westlecher Säit d'Stad Rio de Janeiro läit an op der ëstlecher Niterói. Am westlechsten Deel vum Agank vun der Bucht läit den Zockerhutt, d'Erkennungszeeche vu Rio.

Déi zwou Stied si queesch duerch d'Bucht mat der Rio-Niterói-Bréck verbonnen, déi 14 km laang an op hirer héchster Plaz 70 m héich ass an déi 1974 als Autobunnsbréck a Betrib geholl gouf.

Um Ufer vun der Bucht leien eng sëllegen Häfen a Raffinerien. Joerzéngtelaang sinn d'Ofwässer vun der Millioune-Metropol ronderëm ongeklärt an d'Bucht gelaf; d'Ëmweltschied sinn nach ëmmer am Gaang, behuewen ze ginn.