Guckucksauer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Guckucksauer ass eng Wandauer bei där e klenge Vull all voll Stonn aus enger Dierchen erauskënnt an e puer Téin päift. D'Melodie ass där vun engem Guckuck noemfonnt.
Déi am meeschte bekannt Guckucksauere kommen aus dem Schwarzwald an aus Béimen. Gedriwwe gi se duerch Gewiichter, meeschtens a Form vun Dännenzapen, déi un enger Ketten hänken an duerch d'Schwéierkraaft d'Auerwierk undreiwen.
| Commons: Cuckoo clocks – Biller, Videoen oder Audiodateien |