Guedber

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg geo stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Guedber
D'Häregaass mat der bemierkenswäerter Eech
D'Häregaass mat der bemierkenswäerter Eech
An anere
Sproochen:
fr: Godbrange
de: Godbringen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Gréiwemaacher
Kanton: Gréiwemaacher
Gemeng: Coat of arms junglinster luxbrg.png Jonglënster
Buergermeeschter: Fr. Colling-Kahn (CSV)
Awunner Uertschaft: 481
(2009)
Koordinaten: 49° 44' 05" N
06° 13' 57" O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Guedber ass eng Uertschaft an der Gemeng Jonglënster. Si huet 481 Awunner (2009).

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht vum Duerf

Den Terrain vum haitege Guedber war schonns an der Keltenzäit bewunnt. Zeien dovunner ass déi sougenannt Häerdcheslee, eng Fielstafel an där d'Silhouettë vun zwou Persounen agemeesselt goufen.

1806 huet de Mathias Schergen dat éischte Weekräiz zu Guedber opgebaut an huet sech 1810 am Duerf niddergeloos. 1814 hunn sech däitsch a russesch alliéiert Truppen zu Guedber aquartéiert. An der Zäit dono ass d'Awunnerzuel vu Guedber séier erofgaangen, vun 344 (1835) sinn 1843 nëmmen nach 341 iwwreg bliwwen.

Am September 1843 huet déi al Schoul zu Guedber hir Dieren opgemaach. D'Kanner vu Guedber an Allënster hunn sech ee Klassesall gedeelt. 1846 kruten se en eegene Sall. 1879 huet d'Famill Schergen décidéiert eng nei Kierch ze bauen. 1880 goufen déi éischt Plazen an der Kierch versteet, den Erléis louch bei 161 lëtzebuerger Frang.

De 4. Mee 1924 gouf déi éischt Molkerei gebaut, déi 1936 duerch en Neibau ersat gouf. 1940 koume beim Duerchmarsch vun däitschen Truppen duerch d'Duerf 3 Mënschen ëm d'Liewen. Am Zweete Weltkrich gouf eng ganz Famill vu Guedber ëmgesidelt an zwou Persoune goufen entfouert .

1950 gouf de Mandolineveräin zu Guedber gegrënnt, dee bis haut existéiert.

Am Veräinshaus zu Guedber befënnt sech d'Hal vum Dëschtennis-Club Guedber-Lënster. Zu Guedber ginn et zwee Restauranten, déi allebéid eng Keelebunn hunn.

[änneren] Kuckeswäertes

Panorama vu Guedber

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Godbrange – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen