Guide Star Catalog

Vu Wikipedia

Den Hubble Guide Star Catalog, kuerz GSC, ass en ëmfangräiche Stärekatalog an zwéin Deeler.

Am zweeten Deel, dem GSC-II, sinn d'Stäre mat Faarfindex, Plaz an Hellegkeet verzeechent, méi wéi zwanzegmol souvill wéi am éischten Deel, dem GSC-I. Dëse Katalog, deen 1989 an éischter Linn fir d'Ausriichtung vum Hubble-Weltraumteleskop opgestallt gi war, war – an nëmmen enger Faarf – komplett bis zu der 15. Stäregréisst, deen neien awer reecht bis zu der 19. Fir de GSC-I ware 1.400 historesch Fotoplacken digitaliséiert ginn, fir de GSC-II nach 4.400 weider Placken, déi op der Nord- a Südhallefkugel nei opgeholl goufen.

Bal eng Milliard Stären a Galaxië sinn an der aacht Terabyte grousser Datebank enthalen. Nieft Hubble bedénge sech och vill Groussteleskopen op der Äerd dem GSC senger, an d'Date selwer stellen eng stellarstatistesch Fondgrouf duer.

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 998.402.801 Objeten
  • 455.851.432 Objeten, fir déi Positioun, Klassifikatioun a Visuell Magnitude bekannt ass
  • den éischte Katalog (GSC 1.x) ëmfaasst 20.000.000 Objeten

Zukunft[änneren | Quelltext änneren]

All Stäre bis zu der 20. Gréisst solle fir déi drëtt Versioun vum GSC erfaasst ginn (eng nei Verdueblung vum Katalogëmfang) souwéi hir Eegebeweegungen um Himmel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie