Guillain-Barré-Syndrom

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

De Guillain-Barré-Syndrom, ofgekierzt GBS, ass eng Krankheet vum peripheren Nervesystem, déi akut optrëtt, eng akut Polyneurophathie.

De Guillain-Barré-Syndrom ass an der westlecher Welt déi heefegst Ursaach vu symmetresche Lämungen, déi akut optrieden. Bannen e puer Deeg kënnt et zu Defaillancen, geleeëntlech och zu Gefillsstéierungen. An Däitschland ginn all Joer tëscht 1.000 a 1.500 doru krank.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'éischt gouf de GBS am Joer 1916 vun de Fransouse Georges Guillain, Jean-Alexandre Barré an André Strohl beschriwwen, no deenen d'Krankheet benannt gouf.

Ursaach[änneren | Quelltext änneren]

D'Fuerschung geet vun engem immunpathologesche Mechanissem aus. Am Kaderéin vu viralen, respektiv bakteriellen Entzündunge kéint et ëm eng Mimikry goen, eng Änlechkeet tëscht Antigenen. Bei zwéin Drëttel vun de Kranke mat GBS, konnte sech Infektiounen noweise loossen, déi d'Patienten hanneru sech haten. An deene Fäll waren et meeschtens bakteriell Campylobacter jejuni-Infektiounen oder där, déi duerch den Epstein-Barr-Virus, den Zytomegalie-Virus oder Impfungen ausgeléist goufen.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Hallschent vun de Fäll kënnt et um Ufank zu Péng am Réck an an den Extremitéiten. Meeschtens sinn d'Been méi ufälleg wéi Äerm. Bannent e puer Deeg entwéckelt sech eng Muskelschwächt. Beim gréissten Deel vun de Patienten ass de Krankheetsmaximum an dräi Wochen erreecht.

Verlafsformen[änneren | Quelltext änneren]

An de schwéierste Fäll kann et zu enger kompletter Lämung kommen, déi och d'Otem- an d'Schléckmuskulatur mat abezitt.

Prognos[änneren | Quelltext änneren]

D'Krankheet huet am Allgemengen eng gutt Prognos. D'Heelung kann allerdéngs bis zu zwee Joer daueren.

Diagnos[änneren | Quelltext änneren]

Eréischt no enger Woch léisst sech duerch eng Réckemuerchpunktioun am Liquor, dem sougenannte Nervewaaser, en héije Liquoreewäiss mat normaler Zellenzuel noweisen.

Behandlung[änneren | Quelltext änneren]

Bei liichte Fäll ass eng krankheetsspezifesch Therapie net néideg.
Bei schwéiere Formen ass eng sougenannt Immuntherapie noutwenneg. Heibäi ginn Immunglobulinen agesat, oder et gëtt eng Plasmapheres gebraucht, e Bluttaustausch, déi allerdéngs méi Risiko mat sech bréngt.

Syndrom-Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem traditionelle GBS goufe méi oder wéineger seele Variante beschriwwen:

Prominent Patienten[änneren | Quelltext änneren]

Den däitsche Foussballnationalspiller Markus Babbel.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]