Guillaume Capus

Vu Wikipedia
Guillaume Capus
Gebuer 24. August 1857
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 27. Abrëll 1931
Boulogne-Billancourt
Nationalitéit Lëtzebuerg, Frankräich
Aktivitéit Explorateur, Botaniker, Akademiker

De Guillaume Capus, gebuer de 24. August 1857 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 27. Abrëll 1931 zu Boulogne-Billancourt, war e lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher, Botaniker an Entdeckungsreesenden.

Studium an éischt Reesen[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Kolléisch huet hien op der Sorbonne tëscht 1875 an 1876 Naturwëssenschafte studéiert an am Musée d'Histoire naturelle zu Paräis botanesch Studien a Fuerschung gemaach. Zousätzlech huet hien och Chimie, Anthropologie, Zoologie a Meteorologie studéiert. Deemools waren zwéin aner grouss lëtzebuergesch Wëssenschaftler zu Paräis, de Botaniker Julien Vesque an de Physiker Gabriel Lippmann, déi hien ënnerstëtzt hunn.

Seng éischt grouss Rees, uechtzéng Méint laang, huet hien 1880 mat dem franséische Fuerschungsreesende Gabriel Bonvalot duerch Westsibirien an Zentralasien, russesch-Turkestan, Karakorum, Kaspescht Mier, a Kaukasus gemaach.

1882 huet hien d'franséisch Nationalitéit ugeholl, a gouf Professer fir Naturwëssenschaften zu Paräis am Collège Rollin (haut Lycée Jacques-Decour). 1885 huet hien de Professerberuff opginn, fir sech op eng nei Rees virzebereeden.

Am Januar 1887 ass déi dunn, erëm mam Gabriel Bonvalot, vu Marseille aus fortgaangen duerch de Kaukasus, Persien, russesch Turkestan un de Floss Pamir, wou si 2 Méint laang d'Bierger exploréiert hunn. Bei Fuerschungen un der nordëstlecher Grenz vum Afghanistan, goufe si wärend annerhallwe Mount vun engem heemesche Stamm gefaange gehalen. Dank enger Interventioun vum Vizekinnek vun Indien, dem Lord Duffrin, koume si fräi. Iwwer Indie koume si dunn zeréck an Europa. A sengem Buch, Le toit du monde[1], huet hien dës abenteuerlech Expeditioun beschriwwen.

Vun den zwou Reesen hat de Guillaume Capus ronn 3.000 Planze matbruecht, déi hie Jore laang doheem studéiert huet. 12 vun hinne sinn no him genannt ginn.

Vun 1893 bis 1894 huet hien dem franséischen Astronom Pierre Jules César Janssen gehollef, fir en astronomeschen Observatoire um Mont Blanc opzeriichten. Den 3. Mäerz 1894 sinn him du leider an engem Schnéistuerm, um Refuge Grands-Mulets, seng Zéiwen erfruer an hien huet missen opginn.

1895 gouf en op eng ethnographesch Missioun op de Balkan, a Bosnien an Herzegowina geschéckt, dee selwechte Moment wéi dat Land ënner éisträichesch-ungaresch Verwaltung koum.

Missioun an Indochina[änneren | Quelltext änneren]

1897 huet hie seng Fuerschungsreesen opginn an huet eng nei Carrière ugefaangen. Den neie franséische Generalgouverneur vun Indochina, de spéidere Staatspresident Paul Doumer, huet hien als säin enke Mataarbechter an déi deemoleg franséisch Kolonie geruff. 1898 gouf hie Member vum Conseil supérieur de l'Indochine an huet do säin organisatorescht Talent bewisen.

  • Hien huet de Service d'économie sociale, de Service de la météorolgie an de Musée commercial vun Hanoi gegrënnt.
  • Hien huet sech ëm de systemateschen Ubau vu wirtschaftlech nëtzlechen tropeschen Planze gekëmmert, wéi zum Beispill de Kautschukbam Hevea brasiliensis, wichteg fir d'Produktioun vum Gummi.

1901 gouf hien Direkter vun der Direction de l'agriculture, des forêts et du commerce de l'Indochine.

1907 goung hien zeréck a Frankräich, a gouf den Delegéierte vum Gouvernement général de l'Indochine vum Palais royal, wou hien och d'wëssenschaftlech Kollektiounen aus Indochina gefouert huet. Donieft war hie Chargé de cours an der École supérieure de commerce an an der École d'agriculture coloniale.

Kontakt mat Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet gär, wann et méiglech war, seng Vakanzen zu Lëtzebuerg gemaach, besonnesch bei sengem Brudder zu Wolz. Da war hien dacks Gaascht bei senge Frënn vum Institut grand-ducal a vun der Fauna, haut SNL. Bei enger vun dëse Visitten, den 22. Oktober 1887, huet de Michel Lentz hie mat engem Gedicht Gilli Capus begréisst. Den Text steet am Lentz sengem Buch Hierschtblumen[2]:

En ass erem, de Gilli ass erem !
So gong durch d'Stad ewe’ eng frédeg Stem,
No langem warden an der Angscht a Suergen
Vun engem Muergen zo dem aneren Muergen,
Bes d'Neiegkét as kom, e wèr um Mîer,
An durech Frankreich ke’m e bal rem hîer.
Wat si mer fro dat mir en do hu setzen
A mat him haut e Glîeschen kenne petzen,
A mat him tecken an ons Frèd em so'n,
No de Strabatzen di en huot erdro'n.
En hat zu drêi en Rés rem ugefangen,
As dausend Stonn zum Sonnenopgang gaangen
Wo wunne Felker bâl nach onbekannt,
Fir hîer Natur, hîer Planzen an hîert Land
Z’erfuerschen, an hirt Wiesen ze stode'ren.
An d'Wessenschaft dan driwer ze bele'ren,
Wât go'f de Mut him, an d'Wellenskraft?
T'war d'gliddeg Le'ft zo senger Wessenschaft.

De Capus ass 1889 Éieremember vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn[3] an 1902 Éieremember vun der SNL.[4]

Den Antoine Zinnen huet dem Capus d'Museksstéck Patrouille bokharienne[5] (1893) dediéiert.[4]

Stroossennimm[änneren | Quelltext änneren]

An der Zäit nom Zweete Weltkrich ass an der Stad déi fréier rue Curie (Hamm), déi wärend der Nazi-Okkupatioun Rungestraße geheescht huet, a rue Guillaume Capus ëmgedeeft ginn; si louch tëscht der rue Haute an der rue des Peupliers.[6] Hautdesdaags gëtt et nach ëmmer eng Strooss mam Capus sengem Numm an der Stad. Si läit um Lampertsbierg a verbënnt d'rue Pasteur mat der rue Frantz-Clément.[7]

Uganks vun den 1960er Joren hat d'Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) der Stad Esch-Uelzecht d'Propos gemaach, enger Strooss an dem Capus senger Gebuertsstad säin Numm ze ginn. An der Versammlung vun der SNL vum 8. Abrëll 1963 huet de René Blum e Bréif virgelies, an deem d'Stad Esch verlaude gelooss huet, si géif dat maachen.[4] Déi haiteg rue Guillaume Capus (L-4071) am Quartier Zaepert huet awer eréischt an der Sëtzung vum Escher Gemengerot vum 7. Dezember 2007 hiren Numm kritt.[8]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1879. Anatomie du tissu conducteur.
  • 1879. Guide du naturaliste préparateur et du naturaliste collectionneur, pour la recherche et la conservation des animaux, végétaux, minéraux et fossiles.
  • 1883. Guide du naturaliste préparateur et du voyageur scientifique, ou Instructions pour la recherche, la préparation, le transport et la conservation des animaux, végétaux, minéraux, fossiles et organismes vivants. 2e édition, entièrement refondue par le Dr A.-T. de Rochebrune, avec une introduction par Edm. Perrier.
  • 1885. L'oeuf chez les plantes et les animaux.
  • 1885. La vallée des Jagnaous.
  • 1889. Vocabulaires de langues prépamiriennes.
  • 1890. Le Kafiristane et les Kafirs Siahpouches.
  • 1890. Le toit du monde - Pamir.
  • 1891. Promenade hygiénique en Asie centrale.
  • 1891. Du Groupement ethnique des peuplades dans la région prépamirienne.
  • 1892. A travers le Royaume de Tamerlan (Asie centrale). Voyage dans la Sibérie occidentale, le Turkestan, la Boukharie, aux bords de l'Amou-Daria, à Khiva, et dans l'Oust-Ourt.
  • 1896. A travers la Bosnie et l'Herzégovine, études et impressions de voyage.
  • 1912. Les produits coloniaux, origine, production, commerce. (mam D. Bois)
  • 1913. Exposition universelle et internationale, Gand, 1913: Les colonies françaises; Les produits des colonies françaises: Indo-Chine.
  • 1918. Production et amélioration du riz d'Indo-Chine. Rapport introductif présenté au Congrès d'agriculture coloniale de 1918.
  • 1929. Le tabac. (mam Fernand Leulliot, Etienne Foëx)
  • 1930. Les produits coloniaux d'origine végétale. Ouvrage illustré de 173 figures.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Online op gallica ze liesen, cf. http://gallica.bnf.fr/ark:/12148/bpt6k2041664
  2. Cf. Lentz 1887 an der Literatur.
  3. Publications de l'Institut royal grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles et mathématiques, tome XXI, S. IV (membres honoraires).
  4. 4,0 4,1 4,2 Massard 1990, S. 149-151.
  5. Catalogue BnF.
  6. Luxemburger Wort 1947-03-15, S. 4 (Relevé des changements intervenus dans les dénominations des rues et des places sur le territoire de la ville de Luxembourg à partir du 10 septembre 1944 jusqu'au 15 février 1947). [1]
  7. Friedrich, E., 1980. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons Stad 5-1980, S. 32. [2]
  8. Allamano, W. & G. Bernardini, 2013. "Esch-sur-Alzette et ses rues = Esch an der Alzette und seine Strassen, S. 55-56.