Guillaume Depardieu

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Guillaume Depardieu, 2005

De Guillaume Jean Maxime Antoine Depardieu, gebuer de 17. Abrëll 1971 zu Paräis a gestuerwen den 13. Oktober 2008 zu Garches, war e franséische Schauspiller.

De Guillaume Depardieu war de Jong vun der Schauspillerkoppel Gérard Depardieu an Élisabeth Guignot. Hien huet a senger Jugend vill wéinst Drogen an Alkoholexzesser vu sech schwätze gedoen. 1995 hat hien e Motosaccident, wouno en huet misse siwwenzéng Mol operéiert ginn. Bei enger Operatioun huet hie sech mat Staphylococcus aureus infizéiert, sou datt him 2003 säi rietst Been huet missen amputéiert ginn.

Hien ass am Alter vu 37 Joer un enger akuter Longenentzündung gestuerwen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Pas si méchant que ça (1974)
  • Tous les matins du monde (1992)
  • Cible émouvante (1993)
  • Les apprentis (1995)
  • Marthe (1997)
  • Alliance cherche doigt (1997)
  • Comme elle respire (1998)
  • Le Comte de Monte-Cristo (1998)
  • POLA X (1999
  • Elle et lui au 14e étage (2000)
  • Les marchands de sable (2000)
  • Aime ton père (2000)
  • Amour, prozac et autres curiosités (2001)
  • Les Misérables (2001)
  • Peau d'ange (2002)
  • Le pharmacien de garde (2002)
  • Après vous... (2003)
  • Celibataires (2006)
  • Ne touchez pas la hache (2007)
  • De la guerre (2008)
  • Versailles (2008)
Commons: Guillaume Depardieu – Biller, Videoen oder Audiodateien