Guillaume Konsbruck

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Guillaume Konsbruck
Gebuer 3. September 1909
Hueschtert
Gestuerwen 3. Oktober 1983
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École spéciale militaire de Saint-Cyr
Aktivitéit Politiker, Offizéier
Partei CSV

De Guillaume Konsbruck, gebuer den 3. September 1909 zu Hueschtert, gestuerwen den 3. Oktober 1983 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Offizéier, Politiker a Manager bei der Arbed.

De Guillaume Konsbruck war Aide de Champ vun der Groussherzogin Charlotte a gouf am Februar 1945, an der Regierung vun der Befreiung, Minister fir Ravitaillement a Wirtschaft, e puer Méint duerno och fir Landwirtschaft, Handel, Industrie a Beruffer.

Am November 1945, no de Chamberwalen, gouf en, an der Regierung vun der Nationaler Unioun, nees Minister fir Wirtschaft a Ravitaillement. Hien ass Minister bliwwe bis den 29. August 1946, wéi hien duerch de Lambert Schaus ersat gouf.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. MINISTÈRE D'ÉTAT - BULLETIN D'INFORMATION N°8 (2me année) Luxembourg, le 31 août 1946 - Distinctions honorifiques
  2. Ordre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1951 Memorial A N° 13 vun 1951 Archivéiert op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-01-04.
  3. Distinctions honorifiques am Bulletin d'Information N°4 vum Abrëll 1953 vum Service Information et Presse
  4. (de)Hohe französische Auszeichnungen. Luxemburger Wort. Gekuckt de(n) 2023-08-06.