Guillaume vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Guillaume vu Lëtzebuerg

De Guillaume Jean Joseph Marie gebuer den 11. November 1981, ass den 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg ernannt ginn.

Hien ass den eelste Jong vum Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg an der Groussherzogin Maria Teresa.

Hien ass am Lycée Robert-Schuman an der Stad Lëtzebuerg an an de Schwäizer Pensionate Beau Soleil an Institut Le Rosey an de Lycée gaangen an huet dono op der Royal Military Academy Sandhurst, Camberley, England eng Miltärausbildung gemaach.

Vun 2000 bis 2011 huet de Prënz Guillaume de Verwaltungsrot vun der Fondation Kräizbierg presidéiert, déi sech an den Déngscht vun handicapéierte Leit setzt. Am Mäerz 2011 huet de Prënz d'Éirepresidentschaft vun dëser Fondatioun akzeptéiert.

Hie gouf den 23.Juni 2009, um Nationalfeierdag, zum Majouer vun der Lëtzebuerger Arméi ernannt.

Seng Geschichts- a Politologiestudien op der Universitéit vun Durham huet en net ofgeschloss.

Wéi säi Papp, wéi deen Ierfgroussherzog war, ass hien Éierepresident vum Board of Economic Development (zënter Ufank 2001) a Member vum Staatsrot (zënter dem 24. Juni 2005).

2006 ass fir de 25. Gebuertsdag vum Ierfgroussherzog eng Gedenkmënz vun 2 Euro erauskomm, déi säi Bild niewent deem vu sengem Papp weist.

De 27. Abrëll 2012 huet den Ierfgroussherzog sech mat der belscher Gräfin Stéphanie de Lannoy zu Lëtzebuerg verlobt.

Um Spaweck

Commons: Guillaume vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen