Gullfoss

Vu Wikipedia
De Gullfoss
De Gullfoss vu Süde gesinn

De Gullfoss ("Gëllene Waasserfall") ass ee Waasserfall vum Floss Hvítá am Dall Haukadalur am Süde vun Island. De Floss Hvítá mécht d'Grenz tëscht de Gemengen Hrunamannahreppur a Bláskógabyggð.

De Gullfoss zielt, mam Þingvellir an de Geysiren an der Noperschaft, zu dem sougenannte Gëllene Krees vun de bekanntste kuckeswäerte Landschafte vun Island. An der Moyenne falen am Gullfoss 109 m³/s, am Summer eng 130 m³/s, Waasser erof. De maximal gemoossene Volume waren 2000 m³/s.

De Waasserfall besteet aus 2 Kaskaden wouvun déi eng 11 m an déi aner 21 m héich ass. Wéi een um zweete Bild gesäit lät déi ënnescht Kaskad bal am rechte Wénkel zu der ieweschter.

Datt et haut nach e Waasserfall do gëtt, ass der Sigríður Tómasdóttir an hirem Papp Tómas Tómasson ze verdanken, déi sech ëm 1920 dogéint gewiert hunn, datt do vun enger englescher Firma op där Plaz e Staudamm gebaut sollt ginn, fir Stroum ze produzéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gullfoss – Biller, Videoen oder Audiodateien