Gulp

Vu Wikipedia
D'Gulp zu Slenaken
D'Gulp am Zentrum vu Gulpen

D'Gulp (fr: Galoppe) ass en Niewefloss vun der Geul am Oste vun der Belsch an am hollännesche Süd-Limburg. Si ass ronn 22 Kilometer laang. Et ass eng typesch Baach vun der Frellegregioun.

De Laf vun der Baach[änneren | Quelltext änneren]

D'Gulp entspréngt tëscht Homburg a Montzen ronn 2.300 Meter nërdlech vun Henri-Chapelle am belsche Limburg.

Si huet hiren Numm vun der Plaz Gulpen, enger Griecht am Westhank vum Bois de Hees. Vun do auss leeft se de ganzen Zäit no Norden, bis zu hirer Mëndung op der Plaz Gracht Burggraf 200 Meter nërdlech vu Gulpen.

Zu den Niewebaache gehéieren d'Berilierebeek, d'Mabroekerbeek, an d'Remersdalerbeek, déi all hiren Ursprong a Suppen hunn.

Op hirem Laf leien am iweschten Deel an der Belsch dräi Millen, d'Gulpemöle, de Moulin de Medal an d'Mille vu Sinnich, an an Holland d'Mille vu Gulpen.

Schlässer op hirem Laf sinn d'Schlass Veljaren, d'Schlass vun Opsinnich, d'Schlass de Draek an d'Schlass de Hoof an der Belsch. An Holland läit d'Schlass Neubourg op hirem Laf.

Gréisser Uertschafte laanscht d'Gulp sinn an der Belsch Sinnich an Teuven an an Holland Slenaken, Beutenaken, Waterop, Billinghuizen, Euverem a Gulpen.

Si liwwert ausserdeem hiert d'Waasser fir d'Frellenziichterei tëscht Euverem a Pesaken.

Wa se och am grousse Ganzen vill Gefäll huet kann en nach tëscht zwou Zonen ënnerscheeden. Am ieweschte Laf mat héije Fléissvitessen (iwwer 2 m/s), ass de Fong vum Baachbett stengeg, an den Dall ass schmuel. No Norde gëtt den Dall méi breet, an do huet se sech a Sandformatioune vum Diluvium agefriess.

Op der ganzer Streck ass den Dall no Osten zou a vu méi oder wéineger héije Koppen agegrenzt. Charateristesch am Uewerlaf si Lafbëscher, an am ënneschten Deel fënnt ee Moueren, suppeg Uwänner, Wisen, Akerland a Bongerten.