Gundien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Gundien | |||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| E Gundi | |||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||
|
|||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
| Ctenodactylidae „Rüppell“ 1842 |
|||||||||||||
| Gattungen | |||||||||||||
Gundien oder Kampfangeren (Ctenodactylidae) sinn eng Famill vun afrikanesche Knabberdéieren. Et gi fënnef Aarten déi a véier Gattungen agedeelt sinn.
Inhaltsverzeechnes |
Kennzeechen [änneren]
Op den éischte Bléck gläichen d'Gundien de südamerikanesche Mierschwéngercher. De Kierper ass gedrongen a gläicht enger Walz; d'Bee si kuerz an hir Féiss hu véier Zéiwen. Hannen hunn d'Mëttelzéiwen e Buuschtekamp, deen hinnen zu hirem zweeten Numm verhollef huet: Kampfangeren.
Verbreedung [änneren]
Gundie liewen um südlechen an nërdleche Bord vun der Sahara.
Liewensweis [änneren]
Se bauen net an hunn och keng Näschter. Well se daaagsiwwer aktiv sinn, schlofe se nuets a Fielssplécken.
Systematik [änneren]
- Speke-Gundien (Pectinator)
- Felou-Gundien (Felovia)
- Mzab-Gundien (Massoutiera)
- Echt Gundien (Ctenodactylus)
Literatur [änneren]
- Nowak, Ronad N.: Walker's Mammals of the World, John Hopkins University Press, 1999
| Commons: Ctenodactylidae – Biller, Videoen oder Audiodateien |