Gustav Heinemann

Vu Wikipedia
Gustav Heinemann
Gebuertsnumm Gustav Walter Heinemann
Gebuer 23. Juli 1899
Schwelm
Gestuerwen 7. Juli 1976
Essen
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Philipps-Universitéit Marburg,
Universitéit vu München
Aktivitéit Politiker, Affekot, Theolog
Partei CDU, Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland
Famill
Kanner Uta Ranke-Heinemann, Peter Heinemann, Christa Delius

De Gustav Walter Heinemann, gebuer den 23. Juli 1899 zu Schwelm a gestuerwen de 7. Juli 1976 zu Essen, war en däitsche Politiker. Hie war den drëtte Bundespresident vun der Bundesrepublik Däitschland.

Vun 1946 bis 1949 war hien Oberbürgermeister vun Essen a vun 1949 bis 1950 Bundesminister fir den Interieur. Hie war och staark an der Evangeelescher Kierch engagéiert. 1950 ass hien als Reaktioun op d'Nees-Bewaffnung vun der Bundesrepublik duerch de Konrad Adenauer vu senger Fonctioun zeréckgetrueden. 1952 ass hien aus der CDU ausgetrueden an huet d'Gesamtdeutsche Volkspartei (GVP) gegrënnt. 1957 gouf hie Member vun der SPD. Vun 1966 bis 1969 war den Heinemann an der Regierung Kiesinger Justizminister a vun 1969 bis 1974 Bundespresident.

An där Fonctioun war hien 1973 op Staatsbesuch zu Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Helmut Lindemann: Gustav Heinemann. Ein Leben für die Demokratie. Kösel-Verlag 1986 (1. Auflage 1978), ISBN 3-466-41012-6.
  • Carola Stern: Zwei Christen in der Politik. Gustav Heinemann, Helmut Gollwitzer. Christian Kaiser, München 1979, ISBN 3-459-01229-3.
  • Friedrich-Ebert-Stiftung (Hrsg.): Gustav Heinemann. Christ, Patriot und sozialer Demokrat. Eine Ausstellung des Archivs der sozialen Demokratie. (Begleitheft zur Ausstellung, Bonn).
  • Hermann Vinke: Gustav Heinemann. Lamuv-Verlag, Bornheim-Merten 1986, ISBN 3-88977-046-0.
  • Rudolf Wassermann: Gustav Heinemann. In: Claus Hinrich Casdorff: Demokraten. Profile unserer Republik. Königstein/Taunus 1983, S. 143–152.
  • Thomas Flemming: Gustav W. Heinemann. Ein deutscher Citoyen. Biographie. Klartext, Essen 2013, ISBN 978-3-8375-0950-2
  • Dieter Dowe, Dieter Wunder (Hrsg.): Verhandlungen über eine Wiedervereinigung statt Aufrüstung! Gustav Heinemann und die Eingliederung der Bundesrepublik in das westliche Militärbündnis. Forschungsinstitut der Friedrich-Ebert-Stiftung, Bonn 2000, ISBN 3-86077-961-3 (Friedrich-Ebert-Stiftung / Gesprächskreis Geschichte; Bd. 39).
  • Jörg Treffke: Gustav Heinemann, Wanderer zwischen den Parteien. Eine politische Biographie. Schöningh, Paderborn (u.a.) 2009, ISBN 978-3-506-76745-5.
  • Jürgen Wendler: Im aufrechten Gang durch wechselvolle Zeiten. Von Gustav Heinemann, der heute 100 Jahre alt geworden wäre, können Demokraten immer noch viel lernen. In: Weser Kurier, 23. Juli 1999.
  • Joachim Braun: Der unbequeme Präsident. C.F. Müller, Karlsruhe 1972, ISBN 3-7880-9557-1.
  • Hermann Schreiber, Frank Sommer: Gustav Heinemann, Bundespräsident. Fischer-TB (1. Auflage 1969), Frankfurt/Main 1985, ISBN 3-436-00948-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gustav Heinemann – Biller, Videoen oder Audiodateien