Gustav Niessl von Mayendorff

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Gustav Niessl von Mayendorff, dacks zitéiert als G. von Niessl, gebuer de 26. Abrëll 1839 zu Verona, a gestuerwen den 1. September 1919 zu Hütteldorf bei Wien, war en éisträicheschen Astronom a Mykolog. Säin Autorenkürzel vun de Botaniker a Mykologen ass „Niessl“.

De Niessl huet am Polytechnikum zu Wien studéiert a gouf do 1857 Assistent fir praktesch Geometrie. 1860 gouf hien do Professer fir praktesch Geometrie, Astronomie an héijer Geodesie. Am Joer 1883 gouf hie Regierungsrot an 1902 k.k. Haffrot.

Als Astronom beschäftegt sech de Niessl mat Meteorbunnen an huet och en entspriechenden Artikel an der Enzyklopädie der mathematischen Wissenschaften (1907) geschriwwen. De Niessl war och ee bedeitende Pilzsammler a Mykolog. Seng Sammlung goung un déi Botanesch Staatssammlung vu München.

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie


[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen