Gustave de Smet
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Gustave de Smet, gebuer zu Gent den 21. Januar 1877, a gestuerwen zu Deurle den 8. Oktober 1943, war den eelste Brudder vun engem aneren talentéierte belsche Moler, dem Léon de Smet. Säi Papp, de Jules de Smet, huet och scho gemoolt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Säi Liewen
Als jonke Mënsch huet hien der Stad de Réck gedréint an ass op d'Land gaangen, wou en zu anere Molerkollegen vu Gent aus der Schoul Laethem-Saint-Martin gestouss ass. wéi säi Brudder Léon, den Albert Servaes, an de Maurice Sys. Den Afloss vum Emile Claus huet sech bemierkbar gemaach an hien huet eng gewëss Form vu Lumissem gewielt. Nodeems hie senge Biller munnechmol e melankoleschen, a romantesche Charakter ginn hat, ass hien zu méi symbolisteschen Duerstellungen iwwergaangen. Wéi den Éischte Weltkrich ausgebrach war, ass hien mam Frits Van Den Berghe no Holland geflücht, wou hien ënner den Afloss vun aneren europäesche Konschtrichtunge koum wéi de Fauvinisme an den Expressionisme lyrique.
[änneren] Seng Wierker
- Stilleven met fruit (1906) en image
- La femme au rosier (1912) en image
- Korenakker te Blaricum (1915) en image
- Oude Boerderij (Blaricum) (1916) en image
- De grote schietkraam (1923) en image
- Les jeunes capitaines (1927) en image
- Het goede huis (1927) en image
- Jeune paysanne (1928) en image
- Le canapé bleu (1928) en image
- La famille (1933) en image
- Grazing Cow (1935) en image
- Béatrice (1923), Musées Royaux des Beaux-arts, Bruxelles
[änneren] Collectiounen
[änneren] Literatur
Ofhandlung iwwert déi belsch modern Konst vum Robert Paul