Gusty Laurent
De Gusty Laurent oder Grégoire Laurent, gebuer den 11. Februar 1906 zu Le Sablon bei Metz a Frankräich a gestuerwen den 22. Mäerz 1985 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Boxer an Olympionik. [1]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis vertrueden. [2]
Kuerz no senger Gebuert si seng Elteren, déi Lëtzebuerger waren rëm op Lëtzebuerg komm.
1920 gouf hie Landesmeeschter am Boxen bei de Scouten, an der Finall géint de spéidere Minister Robert Schaffner.
1922 krut hie seng Boxer-Lizenz a gouf am Mäerz 1923 Landesmeeschter am Fiedergewiicht, an 9 Méint méi spéit, Meeschter am Liichtgewiicht.
No senger Olympiaparticipatioun war hie vun 1925 bis 1931 Profiboxer zu Paräis am Central, wou hien 30 Kämpf gemaach huet.
1932 huet hien eng Trainerlizenz zu Joinville gemaach a koum datselwecht Joer als Trainer a säi Veräin de Boxing Club Lëtzebuerg zréck. Duerno war hien och Verbandstrainer a Boxmanager an huet zu den Erfolleger vu ville bekannte lëtzebuergesche Boxer bäigedroen, wéi Roger Behm, Franz Ehringer, Léon Roller, Butz Reiff, Ray Philipp souwéi dem Däitsche Werner Wiegand.
Kuckt och [änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Fernand Backes | Roger Behm | Fernand Ciatti | Ray Cillien | Gaston Diederich | Franz Ehringer | Pierre Feidt | Jean Flammang | Jim Graser | René Grün | Ray Hack | Jean Kieffer | Émile Konter | Gusty Laurent | Bruno Mattiussi | Michael Maurer | Ray Philippe | Albert Nuss | Georges Pixius | Willy Prinz | Robert Rausch | Butz Reiff | Léon Roller | Mathias Sancassiani | Fred Serres | Jean Serres | François Sowa | Jules Steichen | Alfred Stuermer | Ernest Toussaint | Jean Welter | Jeannot Welter | André Wollscheidt