Guy Arendt

Vu Wikipedia
Guy Arendt
Gebuer 13. Abrëll 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Université Nancy-II
Aktivitéit Politiker, Jurist, Affekot
Partei Demokratesch Partei

De Guy Arendt, gebuer den 13. Abrëll 1954 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist a Politiker (DP).

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Nom Secondaire am Stater Kolléisch (Section A classique), huet hien zu Nanzeg Droit op der Université Nancy 2 studéiert.

Den 13. Februar 1980 gouf hien als Affekot vereedegt. Vun 1983 bis 2003 war hien Ersatz-Friddensriichter (fr: juge de paix suppléant) um Friddensgeriicht zu Esch-Uelzecht.

An der Gemeng Walfer war hie vun 1992 bis Enn 2015 Member vum Gemengerot. Nodeem hie vun 2000 bis 2002 do Schäffe war, war hie vun 2003 bis zu senger Ernennung zum Staatssekretär, Enn 2015, Buergermeeschter.

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien de 5. Dezember 2013 an d'Chamber "nogeréckelt" an d'Plaz vum Xavier Bettel, dee Premierminister gouf.[1] Vum 18. Dezember 2015 bis de 5. Dezember 2018 war hie Staatssekretär fir Kultur an der Regierung Bettel-Schneider

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien op en Neits an d'Chamber gewielt.[2] Bei deene vum 8. Oktober 2023 ass hien den 21. November 2023 an d'Chamber nogeréckelt.[3]

De Guy Arendt war vun 2006 bis 2007 President vum Barreau vu Lëtzebuerg a vun 2003 bis 2008 war hie Generalsekretär vun der Union internationale des avocats.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guy Arendt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Assermentation de 25 nouveaux députés." chd.lu, 5. Dezember 2013.
  2. elections.lu.
  3. (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.
  4. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.