Guy Binsfeld

Vu Wikipedia
Guy Binsfeld
Gestuerwen 19. Mäerz 2014
Aktivitéit Journalist

De Guy Binsfeld, gestuerwen den 19. Mäerz 2014 am Alter vu 77 Joer,[1] war e Lëtzebuerger Editeur a Journalist.

Vun 1960 bis 1964 war hie Journalist beim Lëtzebuerger Journal. Duerno huet hien zesumme mam Léo Reuter Interpublicité (haut: Interpub) gegrënnt, eng vun den éischte Publicitéitsangencen zu Lëtzebuerg. 1976 huet hie fir zwee Joer e Congé sans solde geholl, fir d'weltwäit Kampagne vun Amnesty International ze leeden. 1979 war hie Grënner vun den Éditions Guy Binsfeld a vun der Kommunikatiounsagence Idées et Actions, déi 1989 a Binsfeld Conseils ëmgenannt gouf.[2]

Dat éischt Buch vu sengem neie Verlag, e Fotoband iwwer Lëtzebuerg, war e gellege Succès: Am ganze 50.000 Exemplairë goufen dovu verkaf. Och den ephemere Lëtzebuerger Almanach koum a sengem Verlag eraus.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Verleger Guy Binsfeld gestorben." wort.lu, 19.03.14 18:17.
  2. 2,0 2,1 "Guy Binsfeld est décédé." paperjam.lu, 19.03.2014 18:34.