Guy Fawkes

Vu Wikipedia
Guy Fawkes
Gebuer 13. Abrëll 1570 jul.
York
Gestuerwen 31. Januar 1606 jul.
Westminster
Nationalitéit Dominikanesch Republik
Aktivitéit Militär, Zaldot
Duerstellung vun der Verhaftung vum Guy Fawkes am Keller vum Parlaments-Gebai

De Guy Fawkes (eigentlech Guido Fawkes; och Faux oder Faukes), gebuer den 13. Abrëll 1570 zu Stonegate, York, a gestuerwen den 31. Januar 1606 zu London) war en englesche kathouleschen Offizéier, deen de 5. November 1605 en Attentat op den englesche Kinnek James I. versicht hat, an dofir duerch Véierdeelung higeriicht sollt ginn, awer selwer virun der Hiriichtung an den Doud gesprongen ass.

De Guy Fawkes hat sech mat 16 Joer zum Katholizismus konvertéiert, a konnt als Zaldot mat Sprengstoff ëmgoen. Fir den englesche Kinnek James I., seng Famill an e groussen Deel vum héijen Adel 1605, um Dag op deem d'Parlament sollt opgoen, ëmzebréngen, hat hie mat senge Matverschwierer, an de Kellere vum Westminster-Palais fässerweis Sprengstoff gelagert. D'Attentat ass awer duerch Verrot feelgeschloen, an déi Schëlleg goufen zum Doud duerch A-Véier-Deelen verurteelt.

Guy Fawkes-Feier[änneren | Quelltext änneren]

Bis haut gëtt a Groussbritannien all Joer un dësen Attentatsversuch geduecht. Gefeiert gëtt all Joer, de 5. November ënner dem Numm Bonfire Night mat engem Cortège, bei deem eng Guy-Fawkes-Popp verbrannt gëtt an e Feierwierk lassgeloss gëtt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • James Sharpe: Remember, remember, the fifth of November. Guy Fawkes and the gunpowder plot. Profile Books, London 2005, ISBN 1-86197-727-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guy Fawkes – Biller, Videoen oder Audiodateien