Guy Nègre

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Guy Nègre, gebuer den 8. Februar 1941 zu Narbonne a Frankräich, ass e franséische Konstrukteur, deen un der Entwécklung vun engem Drockloftmotor fir kleng Stadgefierer schafft.

Den Nègre war als éischt an der Aeronautik beschäftegt an huet duerno op eege Fauscht Formel-1-Motoren entwéckelt (déi et awer ni bis zum Asaz bruecht hunn), bis datt e sech vun der Iddi vu Motoren ouni Schuedstoffemissioune begeeschtere gelooss huet. 1991 huet e mat engen 160 Investisseuren déi lëtzebuergesch Gesellschaft Motor Development International S.A. (MDI) gegrënnt, déi 1996 eng éischt Versioun vun engem Drockloftmotor virgestallt huet. De Konzept vum Drockloftmotor huet zënterhier e puermol missen ëmgeschafft ginn an e sollt fréiestens 2009 bei engem seriëméissege produzéierten Auto agebaut ginn. (Allerdéngs gëtt säit 15 Joer regelméisseg d'Serieproduktioun fir jeeweils dat lafent oder nächst Joer ugekënnegt.)

De Guy Nègre huet e Bouf Cyril (* 18. September 1969), dee mëttlerweil och bei MDI als Ingenieur schafft an do ë.a. mat sengem Papp am Verwaltungsrot sëtzt.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen