Guy Rewenig
De Guy Rewenig, gebuer den 31. August 1947 zu Lëtzebuerg, war bis 1984 Schoulmeeschter an ass zënterhier fräie Schrëftsteller. 2005 krut en de Batty-Weber-Präis fir säi Gesamtwierk.
Inhaltsverzeechnes |
Säi Liewen [änneren]
De Guy Rewenig ass an der Stad, zu Gaasperech an zu Zéisseng, opgewuess, an huet am Kolléisch d'Première gemaach. Hien huet zu Walfer fir Schoulmeeschter geléiert an huet dëse Beruff fir d'éischt zu Beetebuerg, duerno, vun 1971 un, zu Esch-Uelzecht gemaach. 1984 ass en op Nouspelt geplënnert, wou en zënterhier als fräie Schrëftsteller lieft.
1974 war hien e Grënnungsmember vun der ASTI. 2000 huet en zesumme mam Roger Manderscheid de Verlag ultimomondo gegrënnt.
Säi Wierk [änneren]
Vun 1963 un huet de Guy Rewenig éischt Filmkritiken am Luxemburger Wort publizéiert. 1970 ass säin éischt Theaterstéck Interview, erauskomm, am selwechte Joer e Band mat Erzielungen, Als der Feigenbaum verdorrte. Zënter 1973 schreift hien och Kannerliteratur; säi Buch Muschkilusch, dat 1980 erauskoum, ass aachtmol nei opgeluecht ginn.
1984 huet de Rewenig säin éischte Roman op Lëtzebuergesch, Hannert dem Atlantik, publizéiert. Hie schreift bis haut op Däitsch, Lëtzebuergesch a Franséisch. Hien huet als fräie Mataarbechter Artikelen an Zeitungen an Zäitschrëften verëffentlecht, ë. a. am Tageblatt, Lëtzebuerger Land, Alternativ, Perspektiv, Gréngespoun a Forum. Dacks waren dat zäitkritisch, satiresch Texter, an deenen de Rewenig sozial a politesch Mëssstänn thematisiéiert huet an d'Liewen an d'Mentalitéiten zu Lëtzebuerg kommentéiert huet.
Romaner [änneren]
- Hannert dem Atlantik, 1985, Editions Phi
- Gemëschte Chouer, 1987, Editions Phi
- Mass mat dräi Hären, 1989, Editions Phi
- Grouss Kavalkad, 1991, Editions Phi
- Vakanz am Pazifik, 1998, Editions Phi
- Frëndlech Banditten, 2001, Editions Phi
- Zikatriss, 2001, Editions Phi
- Lackéiert Elefanten, 2001, Editions ultimomondo
Gedichter [änneren]
- Kampfmaschine, 1973, Eegeverlag
- Zabbazzillo, 1997, Editions PHI -Philou
pockolibri [änneren]
- Solange die Fabrikschlote rauchen, wird gefeuert. Frühe Texte, pockolibri 1, édition pockolibri, 2005, ISBN 978-2-919933-41-9
- Cross Country. Eine Heimatkunde, pockolibri 2, édition pockolibri, 2006, ISBN 2-9599720-0-3
- Le chef d'orchestre à la baguette de bambou. Une lettre, pockolibri 3, éditions ultimomondo, 2007, ISBN 978-2-919933-40-2
- Cross Country. Eine Heimatkunde, pockolibri 4, éditions ultimomondo, 2008, ISBN 978-2-919933-41-9
- Milde Memoiren (mat Zeechnunge vum Roger Manderscheid), éditions ultimomondo, 2008, ISBN 978-2-919933-42-6
Cabaret [änneren]
- Honn déi bäisse billen net, 1981, Escher Theater
- Schwaarz Lëschten, 1981, Escher Heft, edition kontext
Theaterstécker déi gespillt goufen [änneren]
- Interview, Stadtheater Lëtzebuerg, Regie: Tun Deutsch
Theaterstécker déi net gespillt goufen [änneren]
- Staatsbürgerschlachtfest, 1972
Theater fir Kanner [änneren]
Texter fir Kanner [änneren]
- Muschkilusch
- Zebra Tscherri
- Schallümmo
Gielercher (Auswiel) [änneren]
- 1984, 1988 an 1991: 1. Präis am Concours littéraire national
- 2000: Nic.-Thoma-Preis vun der Fédération générale des instituteurs luxembourgeois
- 2004: Kanner- a Jugendliteraturpräis "De Fiischen" vun der Action familiale populaire
- 2005: Batty-Weber-Präis
- 2006: Servais-Präis fir Passt die Maus ins Schneckenhaus? - Hundert messerscharfe Fragen (und ebenso viele glasklare Antworten).
- 2007: 1. Präis am Concours littéraire national 2007 fir Le chef d'orchestre à la baguette de bambou.
- 2010: Servais-Präis fir Sibiresch Eisebunn, publizéiert ënnert dem Pseudonym Tania Naskandy
Literatur iwwer de Guy Rewenig [änneren]
- Schmit, Sandra, 2007. Rewenig, Guy. S. 501-503 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.. Online-Versioun. Stand: 22. November 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/764/4764/DEU/index.html [opgeruff de 24. Dezember 2011].
- Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Editions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 96-130
Literatur iwwer d'Tania Naskandy [änneren]
- Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Editions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 91-95
Um Spaweck [änneren]
- "Ënnert de Rieder", e Gedicht vum Guy Rewenig
- Seng Bibliographie op www.cnl.lu
- De Guy Rewenig op der Websäit vun ultimomondo
- Seng Usprooch un d'Ministesch Octavie Modert bei der Remise vum Servais-Präis 2010 Petit questionnaire à l’attention d'un capitaine débordé qui abandonne son vaisseau