Guy Spitaels

Vu Wikipedia
Guy Spitaels
Gebuer 3. September 1931
Ath
Gestuerwen 21. August 2012
Uccle/Ukkel
Doudesursaach Hirekriibs
Nationalitéit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen,
Collège d'Europe
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Politiker, Soziolog
Partei Parti socialiste

De Guy Spitaels, gebuer den 3. September 1931 zu Ath a gestuerwen den 21. August 2012 zu Uccle/Ukkel, war e belsche Politiker vun der Parti Socialiste (PS) a Professer fir Politikwëssenschaften op der ULB an dem Collège d'Europe.

Hie war laangjärege Minister op nationalem Niveau, Buergermeeschter vun Ath a vun 1992 bis 1994 Ministerpresident vun der Wallounescher Regioun. Hie war President vun der PS, wou e wéinst senger Muecht, déi en do hat, de Spëtznumm Dieu krut.

An der Korruptiounsaffär Augusta (a spéider Dassault) gouf de Spitaels 1998 vun der Cour de Cassation fir mat schëlleg gesprach, an zu zwee Joer Prisong mat Surcis an enger Geldstorf verurteelt, sou wéi dem Verbuet, déi nächst 5 Joer politesch Ämter auszeüben. Hien huet an de leschte Jore virun allem Publikatiounen zu internationale politeschen Theeme gemaach.

Politesch Ämter[änneren | Quelltext änneren]

  • 1972 – 1974: Member vun de Cabinete vu verschiddene Minister
  • 1974 – 1977: Provënziale Senateur
  • 1977 – 1997: Buergermeeschter vun Ath (deelweis verhënnert)
  • 1977 – 1995: Direkt gewielte Senateur (deelweis empêchéiert)
  • 1977 – 1979: Minister fir Beschäftegung an Aarbecht an de Regierungen Tindemans IV a Vanden Boeynants II
  • 1979 – 1980: Vizepremierminister a Minister fir de Budget an de Regierunge Martens I an II
  • 1980 – 1981: Vizepremierminister a Minister fir Verkéier an de Regierunge Martens III a IV
  • 1980 – 1999: Member vum Wallounesche Parlament (deelweis empêchéiert)
  • 1992 – 1994: Ministerpresident vun der Walluonescher Regioun, responsabel fir d'Ekonomie, PMEen an Aussebezéiungen
  • 1995 – 1997: President vum Wallounesche Parlament

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • J-F. Furnémont: Guy Spitaels, au-delà du pouvoir. Éditions Luc Pire, Brüssel 2005, ISBN 2-87415-525-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]