Guy W. Stoos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Guy W. Stoos (de W. ass fir William), gebuer den 8. Februar 1950 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Graphiker, Karikaturist a Politiker.
Politesch engagéiert hie sech bei déi Lénk, fir déi e vun 2003 bis 2006 als Conseiller am Stater Gemengerot souz. Hien ass Matgrënner a Mataarbechter vum Neie Feierkrop a schafft och regelméisseg an anere Zäitschrëfte mat, dorënner d'woxx a goosch.lu.
Hien entwërft och Plakater an illustréiert Bicher.
De Guy W. Stoos hat als Informatiker geschafft. Zënter dem 1. Mäerz 2007 ass hie pensionéiert.
Amateur-Zeechentrickfilmer [änneren]
- Et mon oil (1974)
- Earthday (1973)
Publikatiounen [änneren]
- Hochdruck. Cartoons., Kontext, 1978.
- Nachdruck. Karikaturen., Kontext, 1979.
- Strich und Faden. Karikaturen., Ultimomondo, 2007, ISBN 978-2-919933-08-2.
- Geld oder Blut. Karikaturen., Ultimomondo, 2009, ISBN 978-2-919933-51-8.
- Pomp Fünäber. Karikaturen., Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-64-8.
Literatur [änneren]
- Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Editions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 139-146
- Le choc des fauxtos Josée Hansen, land.lu, 5. November 2010