Guy Wagner

Vu Wikipedia
Guy Wagner
Gebuer 20. Abrëll 1938
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. Mee 2016
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Guy Wagner, gebuer den 20. Abrëll 1938 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen de 17. Mee 2016[2],[3], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller an Auteur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Guy Wagner huet seng Kandheet a seng Jugend zu Beddler verbruecht, wuer en 1980 zeréckgaangen ass.

Hie war Schoulmeeschter, huet du vun 1979-1983 seng Universitéitsstudien zu Lëtzebuerg an zu Metz niewelaanscht gemaach a mat "grande distinction" ofgeschloss, war Professer am Lycée technique Mathias-Adam zu Péiteng (1976-1980) an am Lycée technique Joseph-Bech zu Gréiwemaacher (1980-1985), a schliisslech vun 1994 bis 2000 am Lycée technique des arts et métiers an der Stad Lëtzebuerg. An der Tëschenzäit huet en zu Esch-Uelzecht gelieft, wou e vun 1978 bis 1980 fir d'LSAP am Gemengerot war. Vun 1985 bis 1992 war en Direkter vum Escher Theater, deem en nei Impulser ginn huet. Zanter dem 1. Januar 2000 war en a Pensioun.

Hie war vu jonke Joren u kulturell aktiv an huet vun 1963 un an Zeitunge matgeschafft. Vun 1970 un war hie Mataarbechter am Tageblatt, war vun 1973 bis 1976 zesumme mam Mars Klein zoustänneg fir d'kulturell Bäilag Le Phare an huet vun 1995 un d'Koordinatioun vu kulturissimo gemaach. Hie war och Mataarbechter vun der Musekszäitschrëft Pizzicato an huet d'Wierkcommentairë fir d'Concerte vun de Solistes Européens Lëtzebuerg geschriwwen.

1981 war hie Matgrënner an éischte President vum Cercle Européen pour la Propagation des Arts, CEPA,[4] deen all Joer d'Summerakademie organiséiert.

Hien huet an dräi Sproochen: lëtzebuergesch, däitsch a franséisch geschriwwen a war och als Iwwersetzer bekannt.

Hien huet vum Eugène Ionesco La Cantatrice chauve, vum Jean Anouilh Antigone a vum Samuel Beckett de kompletten Theater iwwersat. 2006 ass seng Iwwersetzung vun Endspill mat vill Erfolleg am Escher Theater an der Inszenéierung vum Theaterdirekter Charles Muller kreéiert ginn.

Hien huet och mam Guy Rewenig um Stéck d'Sakgaass vum Josy Braun matgeschafft an an den Opféierunge matgespillt a war aktiv am Ensembel d'Huwwelbänk.

E war Matgrënner vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband an huet sech ëm deem säin Internet-Site gekëmmert.

Seng Texter goufen an nationalen an an internationalen Anthologien publizéiert.

Als Auteur huet hien 1979 zwéin éischt Präisser am Concours littéraire national mat Ee wéi deen aneren - (1980 an enger Inszenéierung vum Ed Kohl am Hei elei, kuck elei opgefouert... et gouf deemools grouss Opregung am Wort) -, a mat Aller Tage Abend (ni gespillt). Duerno krut en och nach 2004/2005 mat Winterreise. Roman, e Wierk iwwer d'Liewe vum Franz Schubert, an 2006, mat D'Enn, mäi Frënd all Kéier den éischte Präis am selwechte Concours.

Mam Mikis Theodorakis op deem senger Terrass zu Athen

Hie war en enke Frënd vum Mikis Theodorakis an huet 1983 d'International Stëftung Mikis Theodorakis Filiki gegrënnt, déi de Site mikis-theodorakis.net an dräi Sproochen: englesch, franséisch, däitsch betreit. De bedeitende griichesche Komponist huet him 2001 eng Kompositioun, d'Bünemusek zu Medea, dediéiert.

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Éditions PHI:

Éditions le Phare (Editpress):

Éditions MOL - GALERIE:

  • Keng Dreem méi. MOL No. 24, 1981
  • Der Herr und der Meister. 3 Kurzgeschichten um Mozart, 2006

Éditions EMA/SEL:

  • Bruno Walter und Erich Wolfgang Korngold: eine lebenslange Freundschaft in sieben Etappen. 2008. Sonnerdrock (Kremer-Müller)

Amalthea Verlag, Wien/München:

  • Bruder Mozart. Freimaurerei im Wien des 18. Jahrhunderts, 1996 (2. Oplo: 2003), ISBN 3-85002-502-0

Éditions Uraeus Czerwiec (Polen):

Éditions Typothito, Athen:

Verlag Matthes & Seitz, Berlin:

Rombach Verlag Freiburg, Berlin, Wien:

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ungaresch Franz-Liszt-Medail fir besonnesch Verdéngschter ëm déi ungaresch Kultur (als eenzege Lëtzebuerger)
  • Chevalier des Arts et des Lettres
  • Bundesverdienstkreuz Erster Klasse
  • Commandeur vum griichesche Uerde vum Phoenix
  • 1. Laureat vum René-Oppenheimer-Präis
  • Prix Henri et Madeleine Muller (2007)
  • Prix du Mérite culturel de la Ville d'Esch-sur-Alzette 2010

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006. S. 449
  2. "Schrëftsteller a Publizist Guy Wagner gestuerwen." rtl.lu, 17.05.2016, 13:10:19
  3. Kieffer, M., 2016. Theaterautor, Intendant und Theodorakis-Biograf. Streitbar, kreativ und vielseitig. Guy Wagner gestern 78-jährig verstorben. Luxemburger Wort vum 18. Mai 2016, S. 16.
  4. CEPA