Guy de la Vasselais

Vu Wikipedia
Guy de la Vasselais
Gebuertsnumm Guy Petitpas de La Vasselais
Gebuer 5. Dezember 1902
Colombes
Gestuerwen 20. Juli 1976
7. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker

De Guy de la Vasselais gebuer de 5. Dezember 1902 a gestuerwen den 20. Juli 1976, war e franséischen Offizéier a Senateur vum Departement Eure-et-Loir.

De Guy de Vasselais war Offizéier an der franséischer Arméi wou hien an der Zäit vum Zweete Weltkrich de Rang vun engem Colonel hat. Hie war de Chef vun der Mission militaire française de la liaison tactique beim XX. Corps vun der 3. US-Arméi.

Hien hat op enger Rees an Texas, wou hien den deemolege Buergermeeschter vu Metz de Gabriel Hocquard getraff hat, mat deem zesummen d'Iddi vun der Voie de la Liberté ausgeschafft. Hie war selwer déi Zäit Buergermeeschter vun der Gemeng Saint-Symphorien-le-Château, wou och déi éischt Maark opgeriicht gouf a wou d'Voie de la Liberté de 25. August 1946 offiziell am Uertsdeel Les Essarts ageweit gouf.

Als Senateur vum Departement gouf hie fir d'éischt de 26. Abrëll 1959 gewielt, an den 23. September 1962 fir d'zweet Kéier. Säi Mandat ass den 1. Oktober 1971 afgelaf.

A senger Zäit als Senateur war hie Member vun der Commission des affaires étrangères, de la défense et des forces armées a vun der Réunion administrative des Sénateurs.

Ausser senger politescher Aktivitéit huet hien e Bauerenhaff exploitéiert.