Guy vu Lëtzebuerg-Ligny
De Guy vu Lëtzebuerg-Ligny, gebuer 1340 a gestuerwen den 23. August 1371, war Grof vu Saint-Pol vun 1360 bis 1371 a Grof vu Ligny, Här vu Roussy a vu Beauvoir vun 1364 bis 1371. Hie war de Jong vum Jean I., Här vu Ligny an der Alix vun Dampierre-Flandern, Dame de Richebourg.
1354 huet hien d'Mahaut vu Châtillon (1335-1378), Greefin vu Saint-Pol, Duechter vum Jean vu Châtillon, Grof vu Saint-Pol, an der Jeanne vu Fiennes. Hir Kanner waren:
- Walram III. (1356-1415), Grof vu Ligny a vu Saint-Pol,
- Pierre (1369-1387), Bëschof vu Metz a Kardinol, 1527séileg gesprach,
- Margarette, bestuet 1377 mam Pierre vun Enghien, Grof vu Lecce a vu Castro, an no sengem Doud 1396 mam Jean III. Här vu Werchin a Cysoing, gestuerwen an der Schluecht vun Azincourt
- Jean (1370-1397), Här vu Beauvoir an duerch Bestietnes Grof vu Brienne a vu Conversano.
- André ( † 1396), Bëschof vu Cambrai
- Marie, bestuet mam Jean vu Condé († 1391), du mam Simon, Grof vu Salm († 1397)
- Jeanne († 1430), Greefin vu Ligny a vu Saint-Pol.
Den 22. August 1371 huet de Guy bei der Schluecht vu Baesweiler matgemaach, wou et ëm e Konflikt tëscht dem Herzogtum Brabant (ënner dem Wenzel I. vu Lëtzebuerg dem Mann vun der Jeanne vu Brabant) op där enger Säit, an den Herzogtümer Juliers a Geldern op der anerer Säit goung. Dem Chroniker Jan van Boendaele no wier e verwonnt um Schluechtfeld leie bliwwen. Deen Dag drop huet en Déif e fonnt, wéi en ëm Hëllef geruff huet, an en dout gemaach. Wéi den Déif wollt seng Beit bem Gewënner verkafen, gouf en exekutéiert.